De Jean Charles (Johann Karl) Kohn, eigentlech Johann Kohn, well am Gebuertsakt steet nëmmen de Virnumm „Johann”, mä „Karl” genannt,[1] gebuer de 14. November 1857[2] zu Gréiwemaacher a gestuerwen den 3. Mee 1909 um Lampertsbierg an deem Deel, deen deemools zu der Stad Lëtzebuerg gehéiert huet, war den éischte Chef vum « Service de statistique » vu Lëtzebuerg an e Literat an Historiker. Hien huet dacks ënner engem Pseudonym publizéiert: Karl Johann von der Mosel, Johann Karl von der Mosel, Charles Lenoir, Lenoir Charles, Louis van Reeth.

Jean Charles Kohn
Gebuer 14. November 1857
Gréiwemaacher
Gestuerwen 3. Mee 1909
Lampertsbierg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker
Famill
Geschwëster Karl Kohn

De Chef vum « Service de statistique » änneren

De Jean Charles Kohn war Schoulmeeschter[3], duerno Beamten an der Postdirektioun[4] a schliisslech, vun Enn 1900 un, Sekretär vun der « Commission permanente de statistique », an domat de Chef vum neigegrënnte staatlechen « Service de statistique ». Hie war vun elo un zoustänneg fir d'Publikatioune vun der permanenter Kommissioun fir Statistik. Am Joer 1908 ass seng Carrière abrupt zu Enn gaangen: wéinst sexueller Belästegung vu Meedercher, déi a sengem Service geschafft hunn, ass hie viru Geriicht komm, verurteelt an entlooss ginn.

De Literat änneren

De Kohn huet eng Rei vu literaresche Wierker publizéiert, am „Luxemburger Sonntagsblatt” z. B.: „Die Entführung. Ein Beitrag zur Geschichte der Stadt Grevenmacher” (1877), „Le Sanglier des Ardennes oder Der Eber im Kohlenwald” (1878), „Durch Kampf zum Frieden” (1878). 1891 huet hien zu Tréier an der Paulinus-Druckerei „Lifra, die germanische Fürstentochter. Historische Erzählung aus der Zeit Constantins des Grossen” erausginn. 1892 huet d'„Katholische Volksbibliothek” (München) seng Wierker „Ave Maria. Erzählung für das Volk” an „Theofried von Hohenfels, oder Entsagende Herzen. Erzählung für das katholische Volk aus der Zeit des zweiten Kreuzzuges” erausginn.

An der Zäit vum hl. Willibrord situéiert sech dem Kohn seng Erzielung „Leibeigen und frei” (1894).

A sengem Artikel „Ein weiteres Wort zur Orthographie der Luxemburger Sprache” (1897)[5] huet de Kohn sech mat der Schreifweis vum Lëtzebuergeschen ausenanergesat.

Den Historiker änneren

De Kohn huet och historesch Wierker geschriwwen. Bekannt ass hie virun allem fir seng « Monographie de la seigneurerie de Dudelange, ou Mont-Saint-Jean » , déi 1893 publizéiert gouf.

1894 huet de Kohn mam Martin Blum zesummen den Ustouss gi fir d'Grënnung vum „Verein für Luxemburger Geschichte, Litteratur (sic) und Kunst”, dee vun 1895 un d'Zäitschrëft „Ons Hémecht” erausginn huet. Do huet de Kohn Artikele publizéiert wéi „Johann der Blinde, Graf von Luxemburg und König von Böhmen, in seinen Beziehungen zu Frankreich” (1895), « Les vœux de l'épervier et le prétendu empoisonnement de l'empereur Henri VII » (1895), „Die fünfzigjährige Gründungsfeier der historischen Sektion des Grossherzoglichen Instituts” (1895), „Pestartige Krankheiten im Luxemburgischen” (1896-1897), „Der Eifler Volksdichter Peter Zirbes” (1897), etc.

Seng lescht gréisser historesch Publikatioun war d'« Histoire des seigneurs et de la seigneurie de La Grange » (1899).

Den Naturalist änneren

De Kohn ass am September 1894 Member vun der « Fauna, Société des naturalistes luxembourgeois », ginn. Wéi de Veräin am Joer 1900 säin zéngten Anniversaire gefeiert huet, huet de Kohn den Historique vun den éischten zéng Joer geschriwwen: « Historique de la Société des Naturalistes Luxembourgeois (Fauna) pendant les dix premières années de son existence », deen am Bulletin vum Veräi publizéiert gouf, grad esou wéi virdru seng Etude iwwer de Wäibau zu Lëtzebuerg (« La culture de la vigne et la fabrication des vins dans le Luxembourg », 1897-1900).

De Statistiker änneren

An den « Publications de la Commission permanente de statistique” huet de Kohn ë. a. follgend Etudë publizéiert: « Nationalité, origine et ménages. Les étrangers dans le Grand-Duché » (1907) an « Mouvement de la population dans le Grand-Duché pendant 1906 » (1907).

Een net signéierten Artikel, deen 1906 an den « Archives trimestrielles de l'Institut grand-ducal, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques » ze liese war, staamt och aus der Fieder vum Kohn: « Le Service de Statistique dans le Grand-Duché de Luxembourg ».

1907 ass de Kohn, « chef du bureau de statistique à Luxembourg », als « membre agrégé » an d'wëssenschaftlech Sektioun vum Groussherzoglechen Institut opgeholl ginn.

D'Famill änneren

De Jean Charles Kohn war de Brudder vum Karl Kohn an de Cousin vum Bernard Kohn.

Literatur änneren

  • Blum, M., 1902-1932. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 1: A-L, XXXIII-756 pp. [Kohn, Jean-Charles: S. 609-612].
  • Goetzinger, G. & C.D. Conter, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, 687 S. [Kohn, Johann Karl (Jean-Charles): S. 343].
  • Goetzinger, G. & C.D. Conter, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Centre national de littérature Mersch, 697 S. [Kohn, Johann Karl (Jean-Charles): S. 347-348].
  • Massard, J.A., 2015. Aufstieg und Fall des Johann Karl Kohn (1857-1909), Mitglied der „Fauna”, Literat und Historiker, Vorsteher des statistischen Dienstes. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 303-320.
  • Wilhelm, F., 2016. Johann Karl Kohn. In: Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Online Editioun [gekuckt: 26.05.2015 an 05.10.2016].

Referenzen änneren

  1. Massard 2015, S. 303.
  2. De Blum 1902-1932 gëtt dat falscht Gebuertsjoer (1858) un, grad wéi Goetzinger & Conter 2007, S. 343, Goetzinger & Conter 2010, S. 347 a Wilhelm 2016.
  3. Hien ass den Auteur vun engem „Rechenbuch für die Primärschulen” an 2 Bänn (1883/84).
  4. De Kohn huet aktiv beim « Moniteur du collectionneur” matgeschafft an do e puer Artikelen publizéiert, am besonneschen eng « Étude sur les timbres du Luxembourg » (1892-1894, zesummen mam Joseph Schock.
  5. Eichhorn, A., J. Maertz & P. Medernach, 1977. Hémecht. Revue d'histoire luxembourgeoise. Table générale 1895-1973. Luxembourg, Sankt-Paulus-Druckerei, S. 47 (N° 522).