De Peter Zirbes, gebuer den 10. Januar 1825 zu Niederkail, an do gestuerwen de 14. November 1901, war en däitschen Dichter an Autodidakt vun Niederkail.

Peter Zirbes
Gebuer 10. Januar 1825
Niederkail
Gestuerwen 14. November 1901
Niederkail
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schrëftsteller

Säi Liewen

änneren

De Peter Zirbes huet an einfache Verhältnesser gelieft. Vu Jonktem un ass hien als Hauséierer, dee virun allem ierde Geschier verkaaft huet, duerch d'Géigende gezunn. 1863 huet hien dee Beruff definitiv opginn an zu Niederkail eng kleng Epicerie opgemaach. Spéider war hie Versécherungs-Agent.

De Peter Zirbes war en Autodidakt, dee Gedichter geschriwwen huet. Hie gëllt als den éischten „Eifeldichter”. 1852 huet hie seng Gesammelte Gedichte am Eegeverlag publizéiert. Eng zweet Oplo koum 1865 ënner dem Titel Gedichte eraus an eng drëtt am Joer 1891 mam Titel Eifelsagen, Lieder und Gedichte. Déi 4. Oplo koum 1902 posthum eraus.

De lëtzebuergesche Literat Jean Charles Kohn huet 1897 an engem Artikel an der Zäitschrëft Ons Hémecht dem lëtzebuergesche Publikum den Zirbes a säi Wierk virgestallt. Den Zirbes huet sengersäits dat selwecht Joer an der selwechter Zäitschrëft en Noruff fir de Karl Kohn, dem Jean Charles Kohn säi Brudder, publizéiert.[1]

Wierker

änneren
  • Gesammelte Gedichte von Peter Zirbes, wanderndem Steinguthändler aus Niederkail bei Wittlich, Regierungsbezirk Trier, herausgegeben von W. O. von Horn. [Niederkail]: Selbstverlag des Verfassers, 1852.
  • Gedichte. 2. Auflage. [Niederkail]: Selbstverlag, 1865.
  • Eifelsagen, Lieder und Gedichte. Neue Ausgabe. Coblenz: Selbstverlag, 1891 [3. Oplo].
  • Eifelsagen und Gedichte. 4. Auflage (herausgegeben von Dr. Karl Kessel und Pfr. O. Seeger). Coblenz: Groos, 1902, 190 S. [1] — Darin: Peter Zirbes: Aus des Dichters Lebensgang, S. 3-13 (Autobiographie, 1864), Fortsetzung (S. 14-21, 1890). [Vorwort der beiden Herausgeber] Dr. Karl Kessel & Pfr. O. Seeger (S. 22-26).

Weider Editiounen

änneren
  • Des wandernden Steinguthändlers Peter Zirbes Eifelsagen und Gedichte. Neue Auswahl-Ausgabe. Wittlich: Georg Fischer, 1928, 93 S.
  • Peter Zirbes. Eifeldichter und wandernder Steinguthändler aus Niederkail. Auswahl seiner Gedichte und Sagen. Hrsg. aus Anlaß seines 75. Todestages im Jahre 1976. Einführung und Zusammenstellung: Hans Erben. Wittlich, Verbandsgemeinde Wittlich-Land, 1976, 211 S.

Literatur

änneren
  • Bales, U., 2014. Peter Zirbes. 2. durchgesehene Auflage. Rhein-Mosel-Verlag, Zell/Mosel, 480 S. (biographischer Roman).
  • Erben, H., 1976. Das Werk des Peter Zirbes im Strom der Zeit. In: Peter Zirbes. Eifeldichter und wandernder Steinguthändler aus Niederkail. Auswahl seiner Gedichte und Sagen. Verbandsgemeinde Wittlich-Land, S. 10-70. Cf. Peter Zirbes.
  • Kohn, J.C., 1897. Der Eifler Volksdichter Peter Zirbes. Ons Hémecht 3, S. 49-53, 119-125.
  • Monz, H. (Hrsg.), 2000. Trierer Biographisches Lexikon. WVT Wissenschaftlicher Verlag Trier, 539 S. [Zirbes, Peter: S. 530].
  • Zierden, J., 1994. Die Eifel in der Literatur. Prüm, Edition Eifel-Literatur-Festival, Geschichtsverein "Prümer Land" e.V., 292 S. [Zirbes, Peter: S. 275-277].

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Zirbes, P., 1897. † Karl Kohn. Nekrologische Notiz. Ons Hémecht 1897 (5): 268-269. — Dësen Noruff ass fälschlecherweis vum Martin Blum, an dono vum Pierre Grégoire, dem Jean Charles Kohn zougeschriwwe ginn (Massard, J.A., 2015. Aufstieg und Fall des Johann Karl Kohn (1857-1909), Mitglied der „Fauna”, Literat und Historiker, Vorsteher des statistischen Dienstes. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 317).