Karl Kohn

lëtzebuergesche Literat

De Karl Kohn, gebuer den 31. Mäerz 1867 zu Gréiwemaacher an do gestuerwen de 14. Abrëll 1897 war e lëtzebuergesche Literat.

Karl Kohn
Gebuer 1867
Gestuerwen 1897
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Literat
Famill
Geschwëster Jean Charles Kohn

De Karl Kohn, deen de Brudder war vum Jean Charles Kohn (deen och „Karl” genannt gouf) an de Koseng vum Bernard Kohn, war e Postbeamten, deen zu Beetebuerg, Mondorf, Gréiwemaacher an (nëmme e puer Deeg) zu Péiteng geschafft huet.

Wéi säi Brudder huet hie sech fir Literatur intresséiert a war och Member vum „Verein für Luxemburger Geschichte, Literatur und Kunst”; an deem senger d'Zäitschrëft „Ons Hémecht” huet hien 1895 de Bäitrag „Die Mutter und ihr Kind. Eine Phantasie” publizéiert, deen de Martin Blum fälschlecherweis dem Johann Karl Kohn zougeschriwwen huet.[1]

De Karl Kohn ass am Alter vun 29 Joer gestuerwen. Hie gouf den 18. Abrëll 1897, op Ouschtersonndeg, zu Gréiwemaacher begruewen.

Den Eifeldichter Peter Zirbes huet en Noruff an der Zäitschrëft „Ons Hémecht” publizéiert, deen de Martin Blum awer iertemlecherweis dem Jean Charles Kohn attribuéiert huet.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Massard 2015, S. 317.
    Wilhelm, F., 2014. Johann Karl Kohn. In: Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Online Editioun [gekuckt: 26.05.2015].