De Feierkrop

satiresch Wochenzeitung
(Virugeleet vu(n) Den Neie Feierkrop)


de Feierkrop war eng lëtzebuergesch satiresch Wochenzeitung, déi vun 1948 bis 1950, an dann nees vun 1984 bis 1993, als Bäilag vun der kommunistesch Dageszeitung Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek erauskoum. 1993 gouf en eng eegestänneg Publikatioun, ënnert dem Titel Den Neie Feierkrop. Vun 2012 bis 2018, housch se nees just de Feierkrop.


Logo 2012
Typ Zeitung
Sprooch Däitsch,
Franséisch,
Lëtzebuergesch
Éischt Ausgab 8. Oktober 1993
Websäit http://www.feierkrop.lu/

Tëscht Oktober 1993 an Dezember 2018 gouf en erausgi vun enger Société coopérative, an där d'Auteuren an Zeechner, déi matschaffen, versammelt sinn. Ënnertitel war am Ufank Onofhängegt satirescht Wocheblat, deen awer, no engem Lapsus vum Jacques Santer an engem Interview, an Onofhängege Knaschtbeschmotzer ëmgedeeft gouf.

Geschicht änneren

 
De Feierkrop (1984-1993) an den Neie Feierkrop zanter 1993) - Allkéiers déi éischt Nummer
 
Entête 2004

Vum 4. September 1948 un huet déi kommunistesch Dageszeitung Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek eng satiresch Säit publizéiert mam Numm De Feierkrop. Am Summer 1950 war et awer nees eriwwer mat där Bäilag.

Eréischt de 16. Mäerz 1984 gouf déi Säit vum Jacques Drescher reaniméiert als "Zatiresch Bäilag vun der "Zeitung", mam Titel De Feierkrop Iwwer déi Déck - Fir déi Kleng.

Vun der éischter Editioun un hat de Feierkrop, deen all Freideg erauskoum, grousse Succès. D'Oplo vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek vu freides war e puermol méi grouss wéi an deenen aneren Deeg.

Nodeem déi kommunistesch Partei an domat och hir Zeitung sech mat ideologeschem Gedeessems ausenanerzesetzen haten, koum am Juli 1993 déi lescht Feierkrop-Säit eraus, fir e puer Méint drop, den 8, Oktober, als eegestännegt Wocheblat ënner dem Numm Den Neie Feierkrop erauszekommen.

Dëst gouf ewell vu e puer Auteuren an Zeechner, déi sech an enger Kooperativ zesummegeschloss hunn, erausbruecht. En huet dat selwecht Konzept, op 4 Säiten am A3 Format, virugefouert. D'Konzept, wéi och de Layout, waren am Ufank och vum Bordangs Louis beaflosst, enger Publikatioun, déi et Enn vun den 1980er Joren op eng Dosen Nummere bruecht hat, an déi am Ëmfeld vun der Escher Kulturfabrik erauskoum.

Zanter dem 9. November 2012 heescht d'Zeitung nees de Feierkrop.

Den 21. Dezember 2018 koum, mat der Nummer 1192, déi lescht regulär Nummer eraus, duerno soll ganz sporadesch nach déi eng oder aner Nummer nokommen[1],[2].

Zuelen änneren

Am Joer 2006 goufen an der Moyenne all Woch 9.700 Exemplairë vum DNF verkaaft. Den Ëmsaz louch bei 412.787,97 Euro. D'Nettoresultat huet sech op 86.203,57 Euro belaf (+26,9 % par Rapport zum Joer virdrun).

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 23.500 Leit iwwer 15 Joer de Feierkrop gelies (4,9% vun der Wunnbevëlkerung)[3].

Literatur änneren

  • De Feierkrop. Nummer 1-200. 16. Mäerz 1984 - 2. Dezember 1988, (c) Coopérative Ouvrière de Presse et d'Edition COPE, Luxemburg. "Alle Rechte beim Autor" Mat engem Virwuert vum "Dr. Escher" (= Jacques Drescher)
  • Josée Hansen: "L'anarchie fatigue." d'Lëtzebuerger Land, 21. Dezember 2018, Nr. 51, S.2-3 (Interview ma Jacques Drescher iwwer 25 Joer Feierkrop).

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "In eigener Sache: Einmal muss Schluss sein!" De Feierkrop Nr.1150, 26. Januar 2018; zit. n. "No 25 Joer ass Schluss, lescht Editioun am Dezember." rtl.lu, 26.01.2018, 06:45:19.
  2. "Déi allerlescht Editioun vum Feierkrop kënnt um Freideg eraus." rtl.lu, 21.12.2018, 07:25:05.
  3. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.