Marco Pütz

lëtzebuergesche Museker a Komponist

De Marco Pütz, gebuer de 16. Mäerz 1958 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Saxophonist a Komponist.

Marco Pütz
Gebuer 16. Mäerz 1958
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Musikolog

Liewen änneren

Hien huet säi Studium am Conservatoire vun Esch a vu Lëtzebuerg gemaach. Duerno huet hie sech um Conservatoire Royal de Bruxelles perfektionéiert, wou hie säin Ofschloss (Diplôme Supérieur) "avec grande distinction" am Fach Saxophon an "avec la plus grande distinction" an der Kammermusek krut. Um Conservatoire Royal de Liège huet hien e "Premier prix d'harmonie " an e " Premier Prix de direction d'orchestre" kritt.

De Marco Pütz huet iwwer 100 Wierker komponéiert, dovu ronn 55 fir Harmoniesorchester an 11 fir Sinfonieorchester. D'Majoritéit vu senge Wierker gi bei Bronsheim Music an De Haske (Holland) publizéiert. Aner Editeure sinn: Maecenas (GB), Edition-Tonger (D), Hal Leonard (USA), H.Lemoine a Sempre Più (F). Seng Wierker si bis haut op ronn 75 CDen enregistréiert ginn. Zanter 2004 huet de Marco Pütz och verschidde Wierker fir Sinfonie- a Sträichorchester geschriwwen, déi bei der Schwäizer 'Edition Kunzelmann' éditéiert goufen an och weltwäit vun der Editioun 'Wise Music Classical' (fréier: Edition Peters) ugebuede ginn.

International Unerkennung krut de Marco vun 1995 un, wéi hien den éischte Präis vum Concours "International Clarinet Association Composition Contest" an den USA mat sengem Quatuor pour clarinettes gewonnen huet.

Am Juni 2017 krut hien d'Plaquette d'Honneur vun der Union Grand-Duc Adolphe fir seng Verdéngschter ëm d'Blosmusek iwwerreecht.

Am Oktober 2017 krut hien zu Arnhem (NL) den ' 2017 BUMA International Brass Award ' fir seng Kompositiounen am Allgemengen, a méi speziell fir säi Bäitrag zur Blosorchesterliteratur iwwerreecht.

Seng Kompositioune ginn uechtert d'Welt opgefouert, an et fënnt ee s'an de Programmhefter vu sou grousse Festivaller wéi: Festival International d'Echternach (L), Rencontres d'Ensembles de Violoncelles de Beauvais (F), Les Quatuors à St. Roch (Paris), Festival Radenci (Slov.), WASBE-Konferenzen (Jönköping, Singapur, Killarney, Utrecht, Prag an Cincinnati), RSAMD/Glasgow, 'World Music Contest' zu Kerkrade (NL, 2001 - 2022), CBDNA-Konferenz (Greensboro, USA/2013),EuropArt (Bréissel, 2016, 2017, 2018), asw.

Vun 1986 (zanter 1980 als Chargé de cours) bis 2018 war de Marco Pütz Professer fir Saxophon, Kammermusek an Instrumentatioun um Stater Conservatoire.

Hien huet vun 1979 u vill Concerten als Saxophon-Solist (Recitallen, Duo mat Perkussioun oder Solist mat Orchester) ginn, dorënner 6 Concerten a Russland. 1988 huet hien den éischte 'klasseschen' CD (Saxophon Arias) zu Lëtzebuerg erausbruecht.

Vun 1981 bis 2006 war hie Saxophoniste-renfort beim Orchestre philharmonique du Luxembourg an huet, an där Zäit, déi meescht vun de bekannte Saxophon-Soli am Orchester gespillt an och e groussen Deel dovun enregistréiert.

De Marco Pütz ass Grënnungsmember vum Quatuor de Saxophones de Luxembourg (1982-2006), mat deem hie Concerten am Land an am Ausland gespillt huet. En huet och mat deem Ensembel 1998 eng CD enregistréiert.

Wierker änneren

Kammermusek änneren

  • Quatuor pour Saxophones (1986, Manuscript)
  • Quatuor pour Clarinettes (1987, Edition Tonger, Karlsruhe,D)
  • Tango for Johny (1995, Fl., Klar., Alt-Sax.,Klar.-Basse, Vc., Manuscript)
  • Four for two (fir 2 Saxophonen, 1990, Ed.Bronsheim)
  • Septentrion (fir 7 Saxophonen, 1990, Edition Tonger, Karlsruhe, D)
  • Astrum (fir 9 Blechbléiser, 1989, manuscript)
  • Meeting (fir Sax-Quartett a Perkussioun, 2000, Ed.Bronsheim)
  • Five Miniatures (fir Klarinetten-Trio, 2001, Ed.Bronsheim)
  • Trilogy for Five (fir Blechbléiser-Quintett, 1995, Ed.Bronsheim)
  • Vier Bagatellen (fir Blechbléiser-Quintett, 1998, Ed.Bronsheim)
  • Five characteristic pieces (fir Holzbléiser-Quintett, 1995, Ed.Bronsheim)
  • Brass Trio (fir Trompett, Cor an Trombonn, 1999, Ed.Bronsheim)
  • Memento (8'20", fir Sträich-Quartett, 2004, Edition Tonger, Karlsruhe,D)
  • Till's Last Joke (2005/2009, Hornquartett, De Haske)
  • Five open-ended Pieces (fir Tuba/Euphonium Ensembel, 2009, De Haske)
  • Tool Up (fir Uergel an 2 Percussionisten, 2011, De Haske)
  • Salome's Dance (5'15",fir Gei an Alt-Saxophon, 2012, M. Combre/Lemoine, Paräis)
  • A Vianden (12',fir Sopran, Bass-Bariton a Piano, 2017, Verlag nach net bekannt)
  • Woodwind Quintet N°2 (10' fir de pentaTon-Quintett, Schwäiz, 2018, Edition Kunzelmann, CH)
  • Momenti Fugaci (6',fir Flütt a Vibraphon, 2024, Edition Kunzelmann, CH - vu 07/2024 unn)

Orchester änneren

  • Enigma Pyrmontese (1998, 12', Manuscript)
  • Happy Birthday, Mrs.. Mr. (2000, Manuscript, 5':30")
  • Elegia (2009/2021, in memoriam Charel Weiler, 5':40", Edition Kunzelmann/Wise Music Classical)
  • Chapters of Life, (Tuba-Concerto, 2010, 17':30" - Edition Kunzelmann/Wise Music Classical)
  • Conversations, (fir Trompett, Piano a Sträicherorchester, 2011, 17' - Edition Kunzelmann/Wise Music Classical)
  • Moods, (fir Sinfonie-Orchester, 2013, 12':30 - Edition Kunzelmann/Wise Music Classical)
  • Strömungen, (fir Sinfonie-Orchester, 2014, 16':40 - Edition Kunzelmann/Wise Music Classical)
  • Euphonia's Voice, (fir Sinfonie-Orchester a Solo-Euphonium, 2019, 17':40 - Edition Kunzelmann/Wise Music Classical)
  • Concerto for Organ & Orchestra, (2015/2024, ca.27' - Edition Kunzelmann/Wise Music Classical)
  • Four Colours Symphony (2022, fir Sinfonie-Orchester, 39' - Edition Kunzelmann/Wise Music Classical - Hierscht 2024)
  • Imaginary Letters (2023, fir Sax. Sopran-Solo, Stäicherorchester, Pk. an 3 Perc., 22', Edition Kunzelmann/Wise Music Classical - Hierscht 2024)

Bünemusek änneren

  • Dem Alto séng grouss Rees (1995, Musekstheater fir Kanner, Manuscript, 70')
  • Golden Memories (2022, Museks-Spektakel fir den Ensemble d'Gëlle Fraën, 65')

Piano/Uergel änneren

  • Eng Waltz fir d'Steffi (1986. Ed. LGNM)
  • Waltzing Steffi (2013: Versioun fir Piano mat 4 Hänn)
  • Impressions (1994, Ed. Bronsheim)
  • Meditation & Toccata (2017, 1 - Meditation, 2 - Interludium, 3 - Toccata in C, Edition Kunzelmann, CH)

Instrument & Piano änneren

(* = Pedagogesch Stécker)

  • Trois pièces (1991, fir Klarinett & Piano, Ed. Bronsheim)
  • Trois pièces charactéristiques (1999, fir Klar./Sax. & Piano, Ed. Bronsheim)
  • Recitativo & Allegro (2003, fir Euphonium & Piano, Ed. Bronsheim)
  • Three days in a week (2004, fir Sopran/Alt-Sax. & Piano, Ed. M. Combre/Lemoine, Paräis)
  • Tanz-Suite (2005, fir Fagott & Piano, Edition Tonger, Karlsruhe)
  • Song & Dance (2006, fir Klarinett & Piano, Ed. M. Combre/Lemoine, Paräis)
  • March, Waltz & Ragtime (2007, fir Trompett & Piano, Ed. M. Combre/Lemoine, Paräis)
  • March & Ragtime (2007, Versioun fir Sopran/Alt-Sax. & Piano, Ed. M. Combre/Lemoine, Paräis)
  • Cadence et Allegro (2008, fir Flûte a Piano, Ed. De Haske)
  • Poids Lourds (2009, fir Euphonium & Piano, Ed. M. Combre/Lemoine, Paräis)
  • Two Pictures (2010, fir Hautbois/Eb-Saxophone & Piano, De Haske)
  • Two Bagatelles (2011, fir Sax. Alto/Sopran & Piano, De Haske)
  • Diversions (2013, fir Trompett & Piano, Éditions Sempre Più, Paräis)
  • Lover's Grief & Happpy End (2014, fir Gei & Piano, Éditions Sempre Più, Paräis)
  • The Cable Girl (2023, fir Alt/Sopran Saxophon & Piano, Éditions Sempre Più, Paräis)

Blosorchester/Fanfare/Brass Band änneren

  • The Legend of Aquarius (D'Legend vum Kropemann, 1997, Ed. Bronsheim, 17')
  • Meltdown (fir BO, 1992, Ed. Bronsheim, 14':30")
  • Prae Monitio (fir Mezzo-Sopran a BO, Ed. Bronsheim)
  • Concerto for Flute and Wind Band (1995, Ed. Bronsheim)
  • ..au début ce ne fût qu'une idée.. (1995, fir BO an Uergel, Manuscript)
  • Three Sketches for Band (2005, www.windmusic.ch)
  • Sinfonietta for Band (fir BO, 1998, Ed. Bronsheim, 21')
  • Konzertstück, for Bass-Trbne. & Wind Band (1999, Ed. Bronsheim)
  • Luxembourg, Ville fortifiée (1999, Ed. Bronsheim Music)
  • Rhapsody op a Dutch Folksong (fir BO, 2001, Ed.Bronsheim)
  • Initiales (fir Fanfare, 2000, Ed.Bronsheim, 14':30")
  • Dance Sequence (fir Wind Band, 2002, Ed.Maecenas, GB)
  • Sincerely Yours! (fir Fanfare a BO, 2003, Ed.Bronsheim, 17')
  • Improvisation & Fugato (HO, 2003, Ed.Bronsheim, 13')
  • Concertino for Euphonium & Band (F/BO/Brass Band, 2003, Ed.Bronsheim, 11':30")
  • Derivations (fir Fanfare a Wind Band, 2003,Ed.Bronsheim, 16')
  • Concerto for Bb-Clarinet & Wind Ensemble (2004, Ed.Bronsheim, 16':30")
  • Choralis Tonalis (F/BO, 2005, Ed.Bronsheim, 4':30")
  • Die Judenbuche (fir BO, 2006, Ed.Bronsheim, 12')
  • Trumpet Concerto (fir Trompett a BO, 2006, Ed.Bronsheim, 18')
  • Arrows of lightning (2006,HO, Ed.De Haske, 8')
  • Four Sketches for Band (2007, fir Fanfare a BO, Ed. De Haske, 4':30")
  • Four Earth Songs (2007, fir Sopran-Solo a Fanfare/BO, Ed. De Haske, 26')
  • Omaggio (2008, fir Fanfare-Orchester, Ed. De Haske, 17')
  • From the Highlands (2009, fir Blosorchester, Ed. De Haske, 8')
  • ..dann wachsen Flügel Deinen Worten.. (2009, fir Blosorchester, Solo-Cello a Kannerchouer, De Haske)
  • Chapters of Life, (2010, Tuba-Solo + Blos-/Sinfonieorchester, De Haske, 17':30")
  • A Little Irish Suite (2010, fir Blosorchester, Compact Band Series, De Haske, 6')
  • Celebrations (2012, fir Fanfare-Orchester, Bronsheim Music, 13':30")
  • Tre Pezzi per Banda (2012, fir Blosorchester, Bronsheim Music, 11')
  • Rhapsodic Pictures (2012, fir Blosorchester, 12', nach net erauskomm)
  • Solitary Prayer (2013, fir Solo-Euphonium a Brass Band, 5':30", Bronsheim Music)
  • Time for Outrage (2015, fir Blosorchester, 16', Bronsheim Music)
  • Concerto for Organ, Winds & Percussion (2015, 27', Edition Kunzelmann, CH)
  • Jubilee Vibrations, Concertino for Vibraphone & Band (2015, HA/FA, Bronsheim Music, 11')
  • Festive Fanfare (2015, fir Blosorchester, 4':40", Bronsheim Music)
  • Der Linksmähder (2016, fir Blosorchester, 8', Wind Music Edition, CH)
  • In other Words (2016, fir Fanfare-Orchester, 15', Bronsheim Music, NL)
  • Dialogues (2016/17, fir 2 F-Coren a Fanfare-Orchester, 14', Bronsheim Music, NL)
  • Trigger (2017, fir Blosorchester, 4':10", Bronsheim Music, NL)
  • Schattengänge (2018, fir Blosorchester, 9':30", Bronsheim Music, NL)
  • Glück Auf - Fanfare (2018, fir Blosorchester, 2':40", net publizéiert)
  • Two Impressions from Mondorf-les-Bains (2018, fir Blosorchester, 12', Bronsheim Music. NL)
  • Die Mahnung der Toten (2019, fir Mezzo-Sopran a Blosorchester, 14', Bronsheim Music, NL)
  • Temptations (2020, fir Fanfare-Orchester, 14', Bronsheim Music), (NL)
  • Three at a Time (2020, fir Fanfare/Blosorchester, 11', Bronsheim Music), (NL)
  • Concerto for Wind Orchestra (2020, fir Blosorchester, 22':30, Bronsheim Music), (NL)
  • Frames of Mind (2021, fir Fanfareorchester, 11':20", Bronsheim Music, NL)
  • Of fear and quiet hope (2021, fir Blosorchester, 12':45", Bronsheim Music, NL)
  • Evolutions for Winds (2022, fir Blosorchester, 10':10", Bronsheim Music, NL)
  • Of Deprivation & Confidence (2022, fir Blosorchester, 13', Bronsheim Music, NL)
  • Brainwashing (2023, fir Saxophonquartett a Blosorchester, 19', Bronsheim Music, NL - nom 15.9.2024)
  • Wings (2023, fir Solo-Flügelhorn a Brass Band/Fanfare, 6':15, Bronsheim Music, NL)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren