D'Kierch zu Bungeref ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Rammerech Saint-Valentin an zu der Gemeng Rammerech gehéiert.

Kierch vu Bungeref

Uertschaft / Plaz Bungeref
Par Rammerech
Saint-Valentin
Numm / Patréiner Hl. Quirinus
Konsekratioun 1747
Architekt(en) Johann-Georg Knaus
Baujoer 1743
Koordinaten 49° 51’ 0.8’’ N
      05° 47’ 34.7’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Quirinus, deem säi Fest den 30. Abrëll gefeiert gëtt. Niewepatréiner sinn den hellegen Donatus, den hellege Blasius, den hellegen Eligius an d'helleg Lucie.

Se steet zentral am Duerf an der Kierchestrooss. Nieft der Kierch ass op den zwou Säiten den ale Kierfecht ugeluecht.

Geschicht änneren

D'Kierch gouf 1742 bis 1743 vum Baumeeschter Johann-Georg Knaus vu Bungeref gebaut.[1] Se steet op de Fëllementer vun enger méi aler Kierch aus dem Mëttelalter. De 17. August 1747 huet den Tréierer Bëschof Lothar-Friedrich von Malbach d'Kierch geweit an d'Altäer konsekréiert. Baussent der Kierch, laanscht d'Nordmauer vum Schëff, si Reschter vun engem fréieren Ossuarium mat der Inskriptioun: ES QVI FVI ("Du bass wien ech war").

Den Tuerm gouf an der Ardennenoffensiv duerch Granate schwéier beschiedegt. Nom Krich gouf op der Südsäit vum Tuerm en neit Portal an eng nei Fënster agebaut. 1955 gouf hanner der Apsis eng nei Sakristei gebaut.

D'Kierch ass besonnesch kuckeswäert wéinst hirem Mobiliar (Altäer, Statuen, asw.), wouvun déi meescht vum Baaschtnecher Kënschtler Jean-Georges Scholtus sinn. Et gëtt ausserdeem véier sougenannt Orbittafelen (Epitaphen oder Ahnentafelen) vun de Bungerëffer Schlasshäre Bondorff-Biersdorff an de Monflin.

Wéinst hirer geschichtlecher a konschthistorescher Bedeitung gouf d'Kierch vu Bungeref mat de Miwwelen an dem Kierfecht de 17. Januar 1967 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter opgeholl.

Am Hierscht 2015 ass den Dach vum Tuerm nei gedeckt ginn, d'Fassad an d'Mauer vum Kierfecht sollen Ufank 2016 och erneiert ginn.[2]

Klacken änneren

D'Bungerëffer Kierch huet zwou Klacken, déi am Toun La a Sol, och genannt b' an as', lauden.

Paschtéier vun der Par Bungeref

? Selen Mathias

1675 Freymann Nicolas

? Marteling Mathias

1709 Lultz Jacob

1718 - 1727 Strotz Johann

1727 Thiry Everhard

1738 - 1765 Poncelet Peter

1765 - 1799 Lauffgens Jean Baptiste

1804 - 1811 Hemmer Henri vu Bierchem

1811 - 1816 Molitor Peter, "Primissarius", duerno Vicaire, awer net Paschtouer

1818 - 1858 Ludwig Nicolas vun Néngsen

1858 - 1876 Welter Peter vun Ëlwen

1876 - 1890 Elsen Peter vu Recken (Miersch)

1890 - 1905 Keiser Michel vun Ierseng

1905 - 1915 Hoffmann Francois vu Mënjecker

1915 - 1926 Bertrang Joseph aus der Fiels

1926 - 1939 Simon Jean-Pierre vun Hengescht

1939 - 1949 Lorang Jean-Pierre vu Waldbëlleg

1950 - 1960 Simminger Joseph vu Munneref

1961 - 1970 Grosbusch Aloyse vu Steenem

1971 - 1989 Jourdain Henri aus dem Quartier Neiduerf (Stad Lëtzebuerg)

1989 - 2017 Marcel Grethen vun Uespelt

No der Opléisung vun der Par Bungeref am Joer 2017 gouf d'Kierch vu Bungeref an déi nei Par "Rammerech St. Valentin" integréiert. Paschtouer ass den Abbé Marcel Grethen bliwwen, deen zu Pärel am Paschtoueschhaus wunnt. Am Januar 2021 gouf de Pater Jean Jacques Flammang vun den Häerz-Jesu-Priisteren zum neie Paschtouer-Moderator vun der Pastoraléquipe vun der Par Rammerech ernannt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Bungeref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Dëst Kapitel baséiert op: Kulturkommissioun Gemeng Rammerech: Eglise St. Quirin Bigonville.
  2. Neuer Glanz für Sankt Quirinus am Luxemburger Wort vum 1. Dezember 2015