Kierch Réiden op der Atert

kathoulesch Kierch
(Virugeleet vu(n) Kierch Réiden)

D'Kierch zu Réiden op der Atert ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Réiden op der Atert gehéiert.

Kierch vu Réiden op der Atert
Kierch vu Réiden op der Atert (2005)

Kierch vu Réiden op der Atert (2005)
Kierch vu Réiden op der Atert (2005)
Uertschaft / Plaz Réiden op der Atert
Par Par Atertdall
Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Viktor
Koordinaten 49° 45’ 49.9’’ N
      05° 53’ 19.4’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Viktor, deem säi Fest den 10. Oktober gefeiert gëtt.

Se läit op enger Héicht laanscht d'Haaptstrooss, der N23, am südëstlechen Agang vum Duerf. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.

Klacken änneren

Am Kierchtuerm vu Réiden op der Atert hänken 2 Klacken déi am Schlagtoun Sol a Fa  lauden (g' f').

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Réiden op der Atert – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Den Altor vun der Réidener Kierch