Kierch Diänjen

kathoulesch Kierch

D'Kierch zu Diänjen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.

Kierch vun Diänjen
Kierch vun Diänjen (2014)

Kierch vun Diänjen (2014)
Kierch vun Diänjen (2014)
Uertschaft / Plaz Diänjen
Par Wëntger
Sainte-Famille
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Johannes
Konsekratioun 1721
Baujoer 1718
Koordinaten 50° 03’ 43.6’’ N
      05° 57’ 17.2’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Johannes den Deefer, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am nërdlechen Deel vun der Uertschaft. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht änneren

D'Kierch gouf 1718 ënner dem Paschtouer Joannes Baltus gebaut a vum Weihbëschof vu Léck 1721 konsekréiert[1]. Den Tuerm geet a sengem Kär nach op d'Mëttelalter zeréck.

D'Kierch ass vu bausse ganz einfach an ouni Dekor. De Banneraum beandrockt duerch säin aussergewéinleche Räichtum. Déi barock Haapt- an d'Niewenaltär goufe 1719 vum Dikrecher Schräiner Jean-Pierre Schneider opgeriicht.

D'Kierch gouf um Enn vum 19. Joerhonnert vergréissert.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der aler Par Diänjen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Diänjen huet ausser der Parkierch vun Diänjen och nach d'Kapell vu Stackem gehéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Diänjen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 154