Kierch Feelen
D'Kierch zu Uewerfeelen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Feelen gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
![]() | ||||
Uertschaft / Plaz | Uewerfeelen | |||
Par | Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul | |||
Dekanat | Dekanat Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Johannes den Deefer | |||
Baujoer | 1864 | |||
Koordinaten | 49° 50’ 52’’ N 06° 02’ 33’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |


Se ass dem hellege Johannes dem Deefer geweit, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.
D'Kierch läit, wat zimmlech ongewéinlech ass, baussen der Uertschaft, an zwar op der Strooss fir op Colmer-Bierg CR314. Se läit matzen an de Felder an ass zanter 1961, zesumme mam ale Kierfecht, op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.[1]
Geographesches änneren
D'Gebai steet op enger Héicht vun 310 Meter am Hank vu Kochert erof. Dowéinst ware bei der grousser Restauratioun vill Drainage-Aarbechten néideg, fir d'Gebai virun der Fiichtegkeet ze protegéieren, déi ënner dem Buedem den Hank erofzitt.
D'Kierch steet 200 Meter vun der Waark ewech, net wäit ewech vum Uertschaftsschëld vun Uewerfeelen an der enker Kéier vum CR314, deen op de Carelshaff féiert.
Geschichtleches änneren
Wéi de Grof Siegfried I. vu Lëtzebuerg am Joer 963 der Räichsabtei St. Maximin vun Tréier de Bockfiels mam Réimerkastell Lucilinburhuc zu Lëtzebuerg ofgehandelt huet, huet en hinne senger Lännereien zu Feelen an den Tosch ginn.
Den eelsten Deel vum Gebai ass de romaneschen Tuerm a geet wuel bis op d'Joer 1140 zeréck. D'Kiercheschëff ass 1725/26 gebaut ginn a gouf ëm 1880 no Osten hi verlängert.
Restauratiounen änneren
Déi lescht Restauratioune goufen 2001 ofgeschloss.
D'Tuermhal änneren
An der Tuermhal hänken zwee Klackeseeler duerch de Plaffong erof, déi haut nach gebraucht gi fir ze lauden. Weider stinn do dräi Weekräizer an en hëlze Monument, dat un d'Rebellioun vu 1794 vun de Baueren aus der Géigend géint d'franséisch Besatzungstruppen erënnere soll.
Klacken änneren
D'Klacke vu Feele lauden am Schlagtoun ais' (la) an gis' (sol).
D'Altär änneren
Déi dräi Altär goufe 1730 vum Jean-Georges Scholtus, deen zu Baaschtnech säin Atelier hat, fäerdeggestallt a 1733 vum Weibëschof Lother Friedrich von Nalbach vun Tréier konsekréiert.
An de Joren 1989 an 1990 goufe se vum Carlo Bettendorf nei polychroméiert a mat Blatgold dekoréiert. Der Form no sinn déi béid Säitenaltär d'selwecht.
De rietse Säitenaltor ass dem hellegen Celsus gewidmet, deen an der Haaptnisch am Bëschofsornat ze gesinn ass.
D'Beichtstill änneren
D'Auszich iwwer de Beichtstill stame vum Michel Weiler, deen 1805 gestuerwen ass.
D'Uergel änneren
Widder der lénkser Säitewand steet d'Uergel, déi am Joer 2002 vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder do opgeriicht gouf.
D'Dispositioun:
- 1er clavier C-f'''
- Principal 8'
- Bourdon à cheminée 8'
- Octave 4
- Flûte conique 4'
- Octave 2'
- Mixture 4 rangs 1 1/3'
- Trompette 8'
- Trompette 8'
- Pédale C-f
- Soubasse 16'
- Octave 8'
- Octave 4'
- Trompette 8'
- 2e clavier C-f'''
- Bourdon 8'
- Flûte à cheminée 4'
- Nasard 2 2/3'
- Flûte 2'
- Tierce 1 3/5'
- Quinte 1 1/3'
- Voix humaine 8''
- Tremblant
- Tirasses et accouplements
- I/P, II/P II/I
- Traction mécanique
- Buffet en chêne massif
- Sommier à coulisses
Organistin ass d'Sylvie Schartz-Kips.
Literatur änneren
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Kierch Feelen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Ettelbréck
- D'Kierch vu Feelen op der Websäit vum Institut national pour le patrimoine architectural (fr)
- D'Fënstere vun der Kierch vu Feelen op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel op der Websäit Orgues.lu
- D'Kierch an d'Uergel op der Säit vun den Amis de l'Orgues Diekirch
Referenzen änneren
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 15. November 2023).