Isonoe (Mound)

Jupitermound


De Mound Isonoe (oder Jupiter XXVI) ass ee vun de klengste baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Isonoe
(Jupiter XXVI)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2000 J 6
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.217.000 km
Periapsis 17.506.000 km
Apoapsis 28.928.000 km
Exzentrizitéit 0,246
Ëmlafzäit 725,5 Deeg
Ëmlafvitess 2,33 km/s
Inklinatioun 165,20°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 4 km
Dicht ? g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 22,5
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 23. November 2000

Entdeckung änneren

Den Isonoe gouf den 23. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut am Ufank déi virleefeg Bezeechnung S/2000 J 6.

De Mound gouf no der Isonoe, enger vun den Danaiden a Frëndinne vum Zeus aus der griichescher Mythologie genannt.

Bunndaten änneren

Den Isonoe kreest a 725 Deeg an 12 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 23.155.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,246. Mat enger Inklinatioun vun 165,2° ass seng Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Isonoe zu der Carme-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Carme.

Physikalesch Daten änneren

Den Isonoe huet en Duerchmiesser vun zirka 4 km. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Den Isonoe huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,5m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren