Iocaste (Mound)

Jupitermound


De Mound Iocaste (oder Jupiter XXIV) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Iocaste
(Jupiter XXIV)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2000 J 3
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 21.269.000 km
Periapsis 16.674.900 km
Apoapsis 25.863.100 km
Exzentrizitéit 0,216
Ëmlafzäit 631,5 Deeg
Ëmlafvitess 2,45 km/s
Inklinatioun 149,4°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 5 km
Dicht ~2,6 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
? m/s2
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 21,8
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 23. November 2000

Entdeckung änneren

Den Iocaste gouf den 23. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. De Mound krut ufanks d'Bezeechnung S/2000 J 3. E gouf spéider no der Iokaste, der Mamm vum Ödipus aus der griichescher Mythologie genannt.

Bunndaten änneren

De Mound Iocaste kreest a 631 Deeg an 12 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 21.269.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,216. Mat enger Inklinatioun vun 149,4° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Iocaste zu der Ananke-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Ananke.

Physikalesch Daten änneren

Den Iocaste huet en Duerchmiesser vun zirka 5 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut an huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h. nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 21,8m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren