Inselen ënner dem Wand (Antillen)
Inselen ënner dem Wand Südlechen Deel vun de Klengen Antillen (Leeward Antilles) | |
---|---|
Inselen ënner dem Wand | |
Geographie | |
Land | Holland, Venezuela |
Läit an/am | Karibesche Mier |
Koordinaten: | 14° 13’ 59’’ N 61° 21’ 0’’ W |
Fläch | 2.000 km² |
Verwaltung | |
Demographie |
D'Inselen ënner dem Wand sinn de südlechen Deel vun de Klengen Antillen a leie am Karibesche Mier, virun der Nordküst vu Südamerika. An der englescher Sprooch ginn d'Inselen ënner dem Wand als Leeward Antilles bezeechent, am Géigesaz zu de Leeward Islands a Windward Islands, den zwéin Deeler vun den Inselen iwwer dem Wand.
D'Insele Margarita, Cubagua a Coche bilden de venezuelanesche Staat Nueva Esparta. Déi sougenannt ABC-Inselen (Aruba, Bonaire a Curaçao) gehéieren zu Holland. Déi aner Inselen an Inselgruppe gehéieren zu de ronn 600 Insele vun de Federalen Dependancë vu Venezuela ((es) Dependencias federales).
Anescht wéi d'Inselen iwwer dem Wand, leien d'Inselen ënner dem Wand net am Afloss vum Nordost-Passat an hunn dowéinst e vill méi dréchent Klima.
Déi meescht Awunner liewen op Aruba, Curaçao a Margarita.
Ursprong vum Numm
ännerenD'Bezeechnung „ënner dem Wand“ gëtt an der Séimannssprooch gebraucht fir unzeginn, datt en Objet (an dësem Fall d'Insel) op der entgéintgesater Säit läit, aus där de Wand bléist, d. h. vrum Wand geschützt ass. D'Inselen ënner dem Wand leien deemno net am direkten Afloss vum Nordost-Passatwand deen an där Géigend bléist.
Am Däitsche schwätzt ee vun unter dem Wind oder leewärts, leeward am Engleschen a sous le vent am Franséischen.
Lëscht vun den Inselen ënner dem Wand
ännerenKaart | Insel (Vu Westen no Osten) | Koordinaten | Fläch (km²) | Awunner |
---|---|---|---|---|
Archipel Los Monjes | 12° 26’ 0’’ N 70° 53’ 0’’ W | 0,20 | --- | |
Aruba | 12° 30’ 40’’ N 69° 58’ 27’’ W | 179 | 106.739 | |
Curaçao | 12° 11’ 47’’ N 69° 0’ 43.2’’ W | 444 | 152.849 | |
Bonaire | 12° 10’ 46.6’’ N 68° 15’ 29.2’’ W | 288 | 24.090 | |
Archipel Las Aves | 11° 58’ 0’’ N 67° 33’ 0’’ W | |||
Archipel Los Roques | 11° 51’ 27’’ N 66° 45’ 27’’ W | 40,61 | 1.471 | |
La Orchila | 11° 48’ 16.2’’ N 66° 08’ 20.8’’ W | 46 | ||
La Tortuga | 10° 55’ 54’’ N 65° 18’ 29’’ W | 156,6 | ||
Blanquilla | 11° 51’ 12’’ N 64° 35’ 55’’ W | 64,53 | ||
Archipel Los Hermanos | 11° 46’ 31.08’’ N 64° 24’ 17.6’’ W | 2,12 | ||
Margarita | 10° 59’ 13’’ N 63° 56’ 08’’ W | 1.020 | 491.610 | |
Cubagua | 10° 48’ 42’’ N 64° 11’ 35’’ W | 22,438 | 51 | |
Coche | 10° 46’ 38’’ N 63° 55’ 52’’ W | 61 | 8.242 | |
Archipel Los Frailes | 8° 22’ 28.9’’ N 62° 41’ 16.4’’ W | 1,92 | --- | |
La Sola | 11° 18’ 39’’ N 63° 34’ 13’’ W | 0,0005 | ||
Archipel Los Testigos | 11° 22’ 47.6’’ N 67° 07’ 19.6’’ W | 6,5 | 172 |
Billergalerie
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Inselen ënner dem Wand (Antillen) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ net ze verwiesselen mat de Leeward Islands, der englescher Bezeechnung fir den nërdlechen Deel vun den Inselen iwwer dem Wand