Isla de Coche

Insel am Karibesche Mier, nërdlech vun der Küst vu Venezuela, déi zum venezuelanesche Staat Nueva Esparta gehéiert

Isla de Coche ass eng karibesch Insel, déi zum Staatsgebitt vu Venezuela gehéiert an ass déi zweetgréisst vun den dräi Inselen vum BundesstaatNueva Esparta.

Isla de Coche
Geographie
Land Venezuela
Läit an/am Karibescht Mier, Atlanteschen Ozean
Gehéiert zu Inselen ënner dem Wand, Kleng Antillen
Koordinaten 10°46'38"N, 63°55'52"W
Fläch 61 km²
Längt 11 km
Breet 6 km
Héchste Punkt ouni Numm (60 m)
Verwaltung
Verwaltungseenheet Municipio Villalba
Haaptuert San Pedro de Coche
Demographie
Awunner 8.242
Aner Informatiounen
Entdeckt 1498 (julianesch)
Zäitzon UTC−4
Internet TLD .ve
Internat. Telefonsprefix +58

Se gehéiert geographesch zu den Inselen ënner dem Wand a läit ongeféier op hallwem Wee tëscht der der Araya-Hallefinsel an der Insel Margarita.

D'Insel huet eng Fläch vu 55 km² a knapp 8.300 Awunner.

Um Spaweck änneren

Commons: Isla de Coche – Biller, Videoen oder Audiodateien