Los Frailes
Inselgrupp am Karibesche Mier, nërdlech vun der Küst vu Venezuela
Los Frailes (Spuenesch: Archipiélago Los Frailes, iwwersat Inselgrupp "D'Mënchen") ass eng Grupp vu klengen Inselen am Karibesche Mier. Se leien ongeféier 20 km nordëstlech vu Margarita. D'Insele gehéiere geographesch zu den Inselen ënner dem Wand an administrativ zu de federalen Dependancë vu Venezuela.
Los Frailes | |
---|---|
Archipiélago Los Frailes | |
Vue op Los Frailes | |
Geographie | |
Land | Venezuela |
Läit an/am | Atlanteschen Ozean, Karibescht Mier |
Koordinaten | 11°12'N, 63°45'W |
Fläch | 1,92 km² |
Héchste Punkt | ouni Numm (120 m) |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Dependencias Federales |
Demographie | |
Awunner | 0 |
Aner Informatiounen | |
Den onbewunnten Archipel besteet aus zéng klengen Inselen déi zesummen eng Landfläch vun nëmmen 1,92 km² hunn. Déi gréisst Insel Puerto Real, och nach Fraile Grande genannt, ass 2,2 km laang an huet eng Fläch vun 0,75 km².
Um Spaweck
ännerenCommons: Los Frailes – Biller, Videoen oder Audiodateien |