Las Aves

Inselgrupp am Karibesche Mier, nërdlech vun der Küst vu Venezuela

Las Aves (Spuenesch: Archipiélago Las Aves, iwwersat Archipel vun de Vullen) ass eng onbewunnt Inselgrupp am Karibesche Mier, nërdlech vun der Küst vun Venezuela, tëscht den Insele Bonaire am Westen a Los Roques am Osten. D'Insele gehéieren administrativ zu de federalen Dependancë vu Venezuela.

Las Aves
Archipiélago Las Aves
Geographie
Land Venezuela
Läit an/am Atlanteschen Ozean, Karibescht Mier
Gehéiert zu Inselen ënner dem Wand, Kleng Antillen
Koordinaten 12°0'N, 67°40'W
Fläch 3,35 km²
Längt 0,5 km
Breet 0,2 km
Héchste Punkt Aves de Sotavento (16 m)
Verwaltung
Verwaltungseenheet Dependencias Federales
Demographie
Awunner 0
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC−04:30

Las Aves besteet aus zwéin Atollaartege Koralleriffer mat engem Duerchmiesser vu jee ongeféier 8 km.

All d'Inselen zesummen hunn eng Landfläch vun nëmmen 3,35 km².

Um Spaweck änneren

Commons: Las Aves – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren