Inselen iwwer dem Wand (Antillen)

Inselen an der Karibik, nërdlechen Deel vun de Klengen Antillen

D'Inselen iwwer dem Wand sinn den nërdlechen Deel vun de Klengen Antillen.

Inselen iwwer dem Wand (Antillen)
Geographie
Land souveräne Staat, Frankräich, Vereenegt Kinnekräich, Holland, USA
Läit an/am Karibescht Mier
Gehéiert zu Kleng Antillen
Koordinaten 15°14'31"N, 61°40'37"W
Verwaltung
Demographie
Aner Informatiounen

Se leien am Karibesche Mier, an engem Bou dee sech vu Puerto Rico aus a Richtung Südosten zitt. Méi am Südweste leien d'Inselen ënner dem Wand.

Politesch gehéieren eng Rëtsch Inselen zu Frankräich, dem Vereenegte Kinnekräich, de Vereenegte Staaten oder zu Holland, déi aner bilden onofhängeg Staaten.

Ursprong vum Numm änneren

D'Bezeechnung „iwwer dem Wand“ gëtt an der Séimannssprooch gebraucht fir unzeginn, datt en Objet (an dësem Fall d'Insel) op der Säit läit, aus där de Wand bléist. D'Inselen iwwer dem Wand leien deemno am direkten Afloss vum Nordost-Passatwand deen an där Géigend bléist.

Am Däitsche schwätzt ee vun über dem Wind oder luvwärts, windward am Engleschen an au vent am Franséischen.

Lëscht vun den Inselen iwwer dem Wand änneren

Nërdlechen Deel (Leeward Islands)[1] änneren

 
Kaart Insel (Vun Norden no Süden) Koordinaten Fläch (km²) Awunner
    Brittesch Joffereninselen 18° 26’ 42’’ N 64° 32’ 24’’ W 151 39.369
    Amerikanesch Joffereninselen 18° 19’ 59.99’’ N 64° 49’ 59.99’’ W 346 104.917
    Anguilla 18° 14’ 0’’ N 63° 03’ 0’’ W 91 19.079
    Saint-Martin

mat Tintamarre

18° 04’ 31’’ N 63° 03’ 36’’ W 53,2 35.746
    Sint Maarten 18° 01’ 55’’ N 63° 04’ 04’’ W 34 43.847
    Saint-Barthélemy 17° 53’ 51.82’’ N 62° 50’ 3.28’’ W 24 10.124
    Saba 17° 37’ 57’’ N 63° 14’ 15’’ W 13 2.035
    Sint Eustatius 17° 29’ 0’’ N 62° 58’ 0’’ W 21 3.293
    Saint Kitts an Nevis 17° 16’ 18’’ N 62° 40’ 0’’ W 261 55.345
    Antigua a Barbuda 17° 7’ 0’’ N 61° 51’ 0’’ W 440,3 101.489
    Montserrat 16° 45’ 0’’ N 62° 12’ 0’’ W 102 5.440
    Guadeloupe
mat La Désirade,
Marie-Galante, Îles des Saintes
16° 15’ 34.2’’ N 61° 33’ 37.8’’ W 1.628 383.559
Aves 15° 40’ 07’’ N 63° 37’ 05’’ W 0,0065 ---
    Dominica 15° 25’ 0’’ N 61° 19’ 59.99’’ W 751 74.656

Südlechen Deel (Windward Islands) änneren

 
Kaart Insel (Vun Norden no Süden) Koordinaten Fläch (km²) Awunner
    Martinique 14° 39’ 0’’ N 61° 0’ 54’’ W 1.128 361.225
    Saint Lucia 13° 53’ 0’’ N 60° 58’ 0’’ W 617 167.591
    Barbados 13° 10’ 12’’ N 59° 33’ 09’’ W 439 303.431
    Saint Vincent an d'Grenadinnen 13° 0’ 50’’ N 61° 13’ 46.6’’ W 389 100.804
    Grenada 12° 7’ 0’’ N 61° 40’ 0’’ W 344 114.299

Billergalerie änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Inselen iwwer dem Wand (Antillen) – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten änneren

  1. net ze verwiesselen mat de Leeward Antilles, der englescher Bezeechnung fir d'Inselen ënner dem Wand