Los Hermanos
Inselgrupp am Karibesche Mier, nërdlech vun der Küst vu Venezuela
Los Hermanos (Spuenesch: Islas Los Hermanos, iwwersat Insel „D'Bridder“) ass eng Grupp vu klengen Inselen am Karibesche Mier, ongeféier 175 km nërdlech vun der Küst vu Venezuela, ronn 80 km nërdlech vun der Isla Margarita an 12,4 km ëstlech vu La Blanquilla. D'Insele gehéiere geographesch zu den Inselen ënner dem Wand an administrativ zu de federalen Dependancë vu Venezuela.
Los Hermanos | |
---|---|
Islas Los Hermanos | |
"NASA World Wind" Foto vu Los Hermanos | |
Geographie | |
Kontinent | Südamerika |
Land | Venezuela |
Läit an/am | Atlanteschen Ozean, Karibescht Mier |
Gehéiert zu | Kleng Antillen, Inselen ënner dem Wand |
Koordinaten | 11°45'N, 64°25'W |
Fläch | 2,14 km² |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Dependencias Federales |
Demographie | |
Aner Informatiounen | |
Zäitzon | UTC−04:30 |
Den Archipel besteet aus aacht klengen Insele mat enger Landfläch vun am Ganzen 2,14 km².
Um Spaweck änneren
Commons: Los Hermanos – Biller, Videoen oder Audiodateien |