Isla La Sola
Insel am Karibesche Mier, nërdlech vun der Küst vu Venezuela
La Sola (Spuenesch: Isla La Sola, iwwersat D'einsam Insel) ass eng kleng, onbewunnt Insel am Karibesche Mier. Se läit ongeféier 370 km nordëstlech vun der venezuelanescher Haaptstad Caracas a 35 km nordëstlech vu Margarita. Am noosten derbäi läit Los Frailes op 19,4 km am Nordosten. D'Insel gehéiert geographesch zu den Inselen ënner dem Wand an administrativ zu de federalen Dependancë vu Venezuela.
Isla La Sola | |
---|---|
Isla La Sola | |
Geographie | |
Kontinent | Südamerika |
Land | Venezuela |
Läit an/am | Karibescht Mier, Atlanteschen Ozean |
Gehéiert zu | Inselen ënner dem Wand, Kleng Antillen |
Koordinaten | 11°18'39"N, 63°34'13"W |
Fläch | 0,0005 km² |
Längt | 0,039 km |
Breet | 0,020 km |
Héchste Punkt | ouni Numm (8,5 m) |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Dependencias Federales |
Demographie | |
Awunner | 0 |
Aner Informatiounen | |
La Sola huet eng Landfläch vu knapp 500 Quadratmeter an eng maximal Héicht vun 8,5 m.