Golf vu Bengalen

De Golf vu Bengalen ass déi gréisst Mieresbucht op der Welt an den nordëstlechen Deel vum Indeschen Ozean. Graff gesinn huet en d'Form vun engem Dräieck a läit tëscht Indien a Sri Lanka am Westen, Bangladesch am Norden, a Myanmar an den indeschen Inselen Andamanen an Nikobaren am Osten. En huet eng Fläch vun ongeféier 2.173.000 Quadratkilometer.[1]

De Golf vu Bengalen

Op sengem déifste Punkt ass de Golf vu Bengalen 4.694 Meter déif.[1] Eng Rei grouss Flëss fléissen an de Golf, dorënner de Mahanadi, de Godavari, de Krishna, de Kaveri, de Ganges an de Brahmaputra.[1] Wichteg Hafestied sinn Chennai, Chittagong, Kalkutta, Visakhapatnam a Yangon.

BillerÄnneren


Commons: Golf vu Bengalen – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. 1,0 1,1 1,2 britannica.com: Bay of Bengal (gekuckt de 4. September 2016)