Den Territoire vun de Kokosinselen ((en) Cocos Islands oder Keeling Islands) ass en australeschen Territoire.

Satelittebild vun de Kokosinselen

D'Kokosinsele leien am Indeschen Ozean ongeféier um hallwe Wee tëscht Australien a Sri Lanka.

Se bestinn aus zwéin Atollen a siwenanzwanzeg Koralleninselen.

D'Kokosinselen hu vun 1857 un zum brittesche Räich gehéiert, a goufen 1955 en Territoire vun Australien.