Kontinent
D'Wuert Kontinent (vum laténgeschen (terra) continens) heescht "Land, dat zesummenhänkt". D'Kontinenter op der Äerd maachen am Ganzen nëmmen 29 Prozent vun der Äerduewerfläch aus. Zum Kontinent gehéiert déi grouss zesummenhängend Landmass wéi och dee vu relativ flaachem Mier bedeckte Kontinentalsockel an deen zum Déifmier offalende Kontinentalhang.
Déi baussenzeg Schuel vun eiser Äerd ass an eenzel Placken zerbrach. Déi Placken droen d'Kontinenter an d'Mieresbiedem a schwammen um plasteschen Deel vum Äerdmantel. Deen ass dauernd a Beweegung, wouduerch d'Placke kollidéieren oder sech verkropen. D'Folleg si Vukanausbréch, Äerdbiewen a Biergbildungen.
Entstoe vun de Kontinenter
ännerenVirun 220 Millioune Joer gouf et just een eenzege grousse Kontinent, de Superkontinent Pangea. Virun 180 Millioune Joer ass Pangea auserneegebrach an d'Tethys-Mier ass entstanen. Den Atlantik fänkt u sech ze bilden an Indien drift no Norden. Virun 10 Millioune Joer sinn d'Antarktis an Australien auserneegebrach. Laurasia zerbrécht wéi den Nordatlantik sech opgemaach huet. Nordamerika kënnt méi wäit vun Europa fort.
Fläch vun de Kontinenter
ännerenNumm vum Kontinent |
Fläch (Mio km²) |
% vun der Gesamtiwwerfläch |
% vun der Landfläch |
---|---|---|---|
Asien | 44,5 | 8,7 | 30 |
Afrika | 30 | 5,8 | 20,1 |
Nordamerika | 24 | 4,7 | 16,1 |
Südamerika | 18 | 3,5 | 12,1 |
Antarktis | 14 | 2,7 | 9,4 |
Europa | 10 | 2,0 | 6,7 |
Ozeanien | 8,5 | 1,6 | 5,7 |
Um Spaweck
ännerenCommons: Kontinenter – Biller, Videoen oder Audiodateien |