Vic Fischbach (Agronom)

De Victor Fischbach, gebuer de 14. Mee 1922 zu Schieren a gestuerwen den 22. August 2016[1], war e lëtzebuergeschen Agronom, fréieren Direkter vun der Akerbauverwaltung, Zwangsrekrutéierten, Resistenzler an Auteur. Hie war am Zweete Weltkrich 13 Méint laang an der Pafendaller Kierch verstoppt.

Vic Fischbach
De Vic Fischbach als Zäitzeien am Film Heim ins Reich (2004)
Gebuertsnumm Victor Fischbach
Gebuer 14. Mee 1922
Gestuerwen 22. August 2016
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Agronom, Resistenzler

Seng Liewensgeschicht änneren

  • Wéi den Zweete Weltkrich ausgebrach ass, war hie Student am Dikrecher Kolléisch
  • Am Aarbechtsdéngscht war hien zu Peenemünde, do wou d'Nazien hir Geheimwaffen (V2 ënner anerem) entwéckelt hunn. Hien huet zu deene gehéiert, déi op Ëmweeër den Alliéierten Noriichten doriwwer zoukomme gelooss hunn. Si hunn dozou geféiert, datt d'Alliéiert Peenemünde ugegraff an déi Anlagen zerstéiert hunn.
  • Duerno gouf de Victor Fischbach als Zwangsrekrutéierten agezunn
  • No senger Rekrutenzäit ass hien desertéiert a war mat 5 anere Komeroden, mat der Hëllef vum Paschtouer Ries a sengem Koschter, an der Pafendaller Kierch bis zur Liberatioun verstoppt.

De Schrëftsteller änneren

De Vic Fischbach huet eréischt am Alter vu 87 Joer mat Schreiwen ugefaangen[2] an huet bis zu sengem Doud 8 Kriminalromaner an däitscher oder lëtzebuergescher Sprooch geschriwwen.[3]

  • D'Haus am Härewee (2009)
  • Viele weisse Westen (2009)
  • Scopolamin oder Der Pferdekiller (2010)
  • D'Piccadilly Lilly (2011)
  • Piccadilly Lily. Roman policier (2011) (vum V. Fischbach selwer aus dem Lëtzebuergeschen op Franséisch iwwersat)
  • Eine Flasche zu viel (2012)
  • Kokain (2013).[4]
  • Der Tote auf der Nuck (2014)
  • Mord in Grentzingen (2016)

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 24. August 2016, S. 44 a vum 25. August 2016 S. 29.
  2. Krimiautor Fischbach verstorben am Luxemburger Wort vum 25. August 2016, S.13
  3. Luxemburger Autorenlexikon (Pascal Seil): Fischbach, Vic.
  4. Baden, Jeff, 2013: Wem nutzt der Polizstenmord? Luxemburger Wort 2013, Nr. 227 (28. September), S. 17.