Madeleine Weis-Bauler

lëtzebuergesch Autorin, Molerin a Resistenzlerin
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Madeleine Weis-Bauler, gebuer den 13. Februar 1921 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 10. Abrëll 2014 zu Iechternach[1], war eng lëtzebuergesch Autorin, Molerin a Resistenzlerin.

Madeleine Weis-Bauler
Gebuer 13. Februar 1921
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 10. Abrëll 2014
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Molerin
Droits d'auteur Wierker sinn duerch Droits d'auteur geschützt

Hir Liewensgeschicht

änneren

1940, am Zweete Weltkrich, huet si refuséiert, sou wéi hir Elteren a hire Brudder Ernest, fir Member an der Vereenegung Volksdeutsche Bewegung ze ginn. Si huet sech der Resistenzbeweegung Lëtzeburger Freihétskämpfer ugeschloss.

Am Abrëll 1944 gouf si verhaft a koum an der Stad Lëtzebuerg an d'Villa Pauly. Nodeem si verhéiert gi war, koum si an de Prisong an de Gronn wou si ronn e Mount an Eenzelhaft verbruecht huet.

Si gouf an den Arbeitsdienst agezunn a huet missen zu Zeltingen bei engem Bauer, zu Wittlich bei der Sperrholzfabrik Kümmel & Co an zu Allendorf an enger ënnerierdescher Munitiounsfabrik schaffen. Duerno koum si an d'Konzentratiounslagere vu Ravensbrück a Bergen-Belsen.

Den 23. Dezember 1947 gouf si mam Robert Weis, engem Mathematik-Professer, bestuet a goung mat him op Esch-Uelzecht wunnen.

Am Summer 1977 ass si mat hirem Mann op Iechternach geplënnert, wou si am Alter vu ronn 60 Joer d'Molerei entdeckt huet.

Ausstellungen

änneren
  • Weis-Bauler, Madeleine. - Aus einem anderen Leben / Madeleine Weis-Bauler. - [Bereldange]: Les Cahiers luxembourgeois, 2002 (Luxembourg: Impr. Centrale). - 141 p.: ill.;

Literatur

änneren
  • Conter, Claude D.: Weis-Bauler, Madeleine. In: Luxemburger Autorenlexikon.
  • Dimmer, Denis: Undenken un eng grouss Lëtzebuergerin: Madeleine Weis-Bauler (1921-2014). Luxemburger Wort 2014, Nr. 204 (3. September), S. 56.
  • Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, Luxembourg 2004, 158 S.
  • Mess, Kathrin (Hrsg.): Und wir Luxemburgerinnen haben immer gesagt: “Wir kommen noch heim!" : Lebensbilder von Madeleine Weis. Éditions Le Phare, Esch-sur-Alzette 2009, 109 S. ISBN 978-2-87964-144-7

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Luxemburger Wort 2014, Nr. 87 (12. April), S. 92 (avis mortuaires).