Hegemone (Mound)

Jupitermound


Den Hegemone (oder Jupiter XXXIX) ass ee vun de klengste Mounde vum Planéit Jupiter.

Hegemone
(Jupiter XXXIX)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2003 J 8
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.947.000 km
Periapsis 16.092.400 km
Apoapsis 31.801.600 km
Exzentrizitéit 0,328
Ëmlafzäit 739,6 Deeg
Ëmlafvitess 2,35 km/s
Inklinatioun 155,2°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 4 km
Dicht ? g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 22,8
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 8. Februar 2003

Entdeckung änneren

Den Hegemone gouf den 8. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt, a krut ufanks déi virleefeg Bezeechnung S/2003 J 8. Den 30. Mäerz 2005 krut de Mound vun der IAU den offiziellen Numm Hegemone, no enger vun den Chariten aus der griichescher Mythologie.

Bunndaten änneren

Den Hegemone kreest an enger Zäit vu 739 Deeg, 14 Stonnen a 24 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 23.947.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,3276. Mat enger Inklinatioun vun 155,214° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Hegemone zu der Pasiphae-Grupp gezielt.

Physikalesch Daten änneren

Den Hegemone huet en Duerchmiesser vu ronn 3 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Hien huet eng ganz däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,9m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren