Halifax-Monument am Marscherwald

Krichsmonument am Marscherwald, südwestlech vum Kuebebuer

D'Halifax-Monument am Marscherwald ass e Monument dat zanter Oktober 2013 drun erënnert, datt op där Plaz den 28. August 1943 en Halifax-Bommefliger, dee vun der däitscher Loftwaff getraff gi war, erofgefall ass. De Fliger war en Halifax Mk II mat der Seriennummer JD-298 vun der 158. RAF-Schwadroun, deen um Fluchfeld vu Lissett am Ost Riding vu Yorkshire fortgeflu war fir Nürnberg ze bombardéieren.

Halifax-Monument am Marscherwald
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bech
Koordinaten 49°44'47,04"N, 6°17'58,49"O
Ageweit Oktober 2013
Material Holz
Zeechnung vun engem Handley Page Halifax um Wee fir bei d'Monument

D'Monument besteet aus enger hëlzener Plack a Maansgréisst déi am Dezember 2015 opgeriicht gouf an déi am ieweschten Deel d'Form vum Lëtzebuerg Land huet. E Kräiz ass aus dem Holz ausgestach an d'Nimm vun den dräi Aviateuren déi ëmkomm si stinn drop:

27/28.08.1943
CLARKE John Y.
THOMAS John
RIPPINGALE George

Um Réck vun der Plack ass de Logo vun der Natur- a Bëschverwaltung an den Text: „Holz vun hei - Regioun Mëllerdall“.

Geographie änneren

D'Monument steet an der Gemeng Bech, am Hemsteler Deel vum Marscherwald, ronn 130 m nërdlech vun der N11 a südwestlech vum Kuebebuer. Et steet op enger privater Parzell, déi awer ëffentlech accessibel ass. D'Plaz vum Crash ka vis-à-vis vum Parking Rippeger Kopp iwwer e klengen Ëmwee vun der Streck vum Auto-pédestre Altréier 2 aus erreecht ginn.

Geschicht änneren

Um Freidegowend, 27. August 1943, géint 9 Auer, sinn den John Clarke a säin Equipage zu Lissett mat hirer Halifax II mat der Seriennummer JD-298 fortgeflunn, mat der Missioun fir Bommen iwwer der däitscher Industriestad Nürnberg erofzegeheien. Hir Route huet se iwwer den Äermelkanal, d'Belsch op Lëtzebuerg gefouert, wou s'an der Géigend vu Schengen an den däitsche Loftraum geflu sinn.

Hir Maschinn ass geschwënn duerno vun engem däitschen Nuetsjeeër, engem Messerschmitt Bf 110 entdeckt ginn. De Pilot Helmut Bergmann vum Nachtjagdgeschwader 4 ass du mat sengem Fliger ronn honnert Meter ënnert der Halifax geflunn an en huet op déi englesch Maschinn geschoss. D'Halifax gouf op der rietser Säit getraff an en Tank huet direkt Feier gefaangen. Beim Ugrëff sinn de Mecanicien George Rippingale an den John Thomas, um hënneschte Maschinnegewier, ëm d'Liewe komm.

De Pilot krut d'Maschinn uganks nach a Richtung Lëtzebuerg zeréck manövréiert a se sinn iwwer Wuermer a Richtung Bech a Jonglënster geschliddert. De Clarke huet senge Leit de Befeel gi fir mam Fallschierm erauszesprangen. Den Jimmy Robinson ass an de Wéngerte bei Wuermer, den George Hirst um Bord vun engem Bësch bei Roudemer, den John Dix an engem Bësch bei Hierber an den Eric Brearly an engem Stéck bei der Schanz gelant. De Pilot Clarke konnt just nach eraussprangen ier de Fliger am Marscherwald, tëscht Grolënster an Altréier, opgeschloen ass. Duerch den Opprall ass och den zweeten Tank explodéiert an de Clarke – deen net wäit genuch ewech war – ass am Bësch verbrannt.

Obschonn däi Däitsch den Dag duerno eng grouss Sich organiséiert haten, konnten der dräi vun de véier entkommen. Lëtzebuerger Zivilisten hu se bis den 18. Dezember 1943 verstoppt, fir datt se net vun den Okkupante fonnt sollte ginn. Duerno koume s'op Déifferdeng vu wou et iwwer d'Grenz op Lonkech goung an duerno iwwer Étain, Nanzeg, Paräis an Direktioun Clermont-Ferrand. Zu Les Ancizes-Comps goufe se vu Membere vun den FFI empfaangen an an de Camp vum Maquis des Bougets bei Ayat-sur-Sioule bruecht, wou se bis zur Liberatioun verstoppt bloufen[1]. Den Jimmy Robinson koum a Gefaangenschaft an de Stalag IV-B op Mühlberg/Elbe.

Equipage änneren

Grad Numm Loftwaff Plaz Schicksal Plaz vum Graf
Plt Off John Y. Clarke[2],[3] RAAF Pilot 28.08.1943 Rheinberg War Cemetery
Sergeant John H. J. Dix RAFVR  Tail gunner entkomm
Sergeant Eric W. Brearly RAF Funker entkomm
Sergeant John Thomas[4] RAFVR Rear gunner 28.08.1943 Rheinberg War Cemetery
Sergeant George Rippingale[5] RAFVR Mecanicien 28.08.1943 Rheinberg War Cemetery
Sergeant George H. Hirst RAFVR Mid up gunner entkomm
Sergeant Jimmy M. Robinson[6] RAFVR Navigateur POW N° 261480

Biller änneren

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Halifax-Monument am Marscherwald – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Fiche d'évadé vum Réseau Comète. Déiselwecht Quell schwätzt awer och nach vun engem Evasiounswee iwwer Uewerpallen, Tontel a Bréissel.
  2. Pilot Officer J Y CLARKE (415119), Royal Australian Air Force) [Royal Air Force WW2 Casualty ]. RAFCommands. Gekuckt de(n) 2021-03-05.
  3. Clarke J - International Bomber Command Centre. losses.internationalbcc.co.uk. Gekuckt de(n) 2021-03-05.
  4. Sergeant J THOMAS (1313122), Royal Air Force Volunteer Reserve) [Royal Air Force WW2 Casualty ]. RAFCommands. Gekuckt de(n) 2021-03-05.
  5. Sergeant G RIPPINGALE (1379717), Royal Air Force Volunteer Reserve) [Royal Air Force WW2 Casualty ]. RAFCommands. Gekuckt de(n) 2021-03-05.
  6. Sgt Harold Middleton ROBINSON (157324), RAF) [Royal Air Force WW2 Details]. RAFCommands. Gekuckt de(n) 2021-03-05.