E Circuit auto-pédestre ass e Wanderwee zu Lëtzebuerg dee vun der Generaldirektioun fir Tourissem am Wirtschaftsministère ënnerhale gëtt. Et gëtt 201 där Wanderpied am Land. D'Iddi ass, datt ee mam Auto op eng Plaz fiert, wou den Depart ass, an och do erëm, no engem Tour tëscht 4 a 16 km, ukënnt.

Depart vum Auto-pedester vu Kautebaach

Geschicht änneren

1966 gouf d'Netz vun Autopedesteren agefouert, et gouf dunn 20 Tier. Zwee Joer drop waren et der duebel sou vill. Mëtt vun den 1970er Jore gouf et 86 Auto-Pédestres, an nach eng zéng Joer méi spéit der 170. An den 1990er Jore gouf déi aktuell Zuel vun eppes iwwer 200 Tier erreecht.[1]

Markéierung änneren

 
Symbol vun de
Circuits auto-pédestre
  • Véiereckeg blo Panneaue mat wäisser Schrëft markéieren den Depart vun all Auto-pedester-Circuit.
  • D'Schëltercher mat bloem Dräieck op wäissem Fong stinn a reegelméissegen Ofstänn laanscht d'Auto-pedester-Tier. Si weisen d'Nummer vum Wee un (schwaarz Ziffer 1 oder 2 op bloem Dräieck) an och d'Richtung, an déi de Wee virugeet (ob no lénks oder riets). Amplaz vum Schëldchen, kann d'Symbol och op z. B. e Bam opgemoolt sinn.
 
D'Symbol op engem Bam.

Vun 2022 bis Mêtt 2023 ginn d'Weemarkéierunen no an no geännert: Amplaz vum dräieckege Feil kënnt eng blo Raut. Dës nei Schëltercher ginn esou ubruecht, dass een, anescht wéi virdrun, de Circuit a béid Richtunge goe kann. Bei den Departs-Schëlter kënnt e QR-Code bäi, sou datt een de Wee och Online nokucke kann.[1].

Literatur änneren

  • Circuits Auto-pédestres - 201 Randonnées sélectionnées au Grand-Duché. Luxembourg, Éditions Guy Binsfeld. ISBN 978-2-87954-185-3.

Um Spaweck änneren

Commons: Auto-pedester-Schëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Neit Raute Symbol.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 "Autopédestres bekommen neue Hinweisschilder." wort.lu, 16.12.2021.