Hôpitaux Robert-Schuman

(Virugeleet vu(n) Hôpitaux Robert Schuman)

D'Hôpitaux Robert-Schuman (kuerz HRS) sinn eng Grupp vu véier Spideeler zu Lëtzebuerg, dovun dräi an der Stad Lëtzebuerg an eent zu Esch.

Hôpitaux Robert Schuman S.A.
Typ Aktiegesellschaft
Grënnungsdatum 27. Mäerz 2014[1]
Sëtz 9, rue Edward Steichen
L-2540 Stad Lëtzebuerg-Kierchbierg
Lëtzebuerg
Leedung Georges Heirendt[2]
President vum Verwaltungsrot
Marc Berna[3]
Generaldirekter
Mataarbechter 2.200 Salariéen
+ 250 fräiberufflech Dokteren[4]
Branche Gesondheetswiesen
Produit Spidol
Homepage www.hopitauxschuman.lu

Spideeler änneren

D'Grupp besteet aus follgenden Spideeler:

Geschicht änneren

De 6. Mee 1992 hunn Kongregatioun vun de Schwëstere vun der helleger Elisabeth an d'Kongregatioun vun de Franziskanerinne gemeinsam d'Fondation François-Elisabeth (FFE) gegrënnt, fir hir Klinicken (Clinique Sacré-Cœur, Clinique Sainte-Elisabeth a Clinique Saint-François) ënner dem Daach vun enger neier Organisatioun zesummenzefaassen. De 4. Juli 2003 huet d'Spidol um Kierchbierg seng Dieren opgemaach[1].

Am Abrëll 2002 huet d'FFE e Partnerschaftsofkommes mat der Privatklinik Dr E. Bohler ënnerschriwwen, déi de 6. Januar 2006 dunn och op de Kierchbierg verluecht gouf[1]. Den 1. Abrëll 2004 huet d'FFE och d'Aktivitéite vun der Escher Clinique Sainte-Marie iwwerholl[1]. Donieft huet FFE nach eng eegen Déngschtleeschtungsfirma fir all hir Spideeler gegrënnt, déi ufanks Les Saveurs de la Santé geheescht huet a spéider a Santé Services ëmbenannt gouf. Dee Prestataire deckt all d'Beräicher vun der Gesondheetsversuergung vun der Gebuert bis zum Doud of[1].

Am Dezember 2012 hunn d'FFE an d'Zithaklinik e Memorandum of Understanding ënnerschriwwen, fir méi enk mateneen zesummenzeschaffen an en neie Spidolsverband ze bilden[5]. De 27. Mäerz 2014 hu sech déi zwou Institutiounen dunn zesummegeschloss fir d'Hôpitaux Robert Schuman ze bilden[1]. Eng Stëftung mam Numm Fondation Hôpitaux Robert-Schuman (FHRS) ass geschaaft ginn, fir déi véier Spideeler ze verwalten[6]. De President vum Verwaltungsrot vun der FHRS war de Frank Wagener an de Generaldirekter war den Dr Paul Wirtgen[6].

2018 haten déi véier Spideeler eng Capacitéit vu 750 Better[7]. Bis spéitstens 2023 soll d'Spidol um Kierchbierg ëm een Tuerm mat 15 Stäck erweidert ginn, an deem ënner anerem d'Escher Clinique Sainte-Marie soll integréiert ginn. Där hir Infrastruktur entsprécht net méi dem aktuelle Standard a soll duerno zougemaach ginn[7].

Numm änneren

D'Grupp ass nom Staatsmann Robert Schuman benannt, well hien d'Wäerter vum der Grupp géif representéieren: d'Ëffnung zu Europa an déi geschichtlech Proximitéit zur Groussregioun. De Robert Schuman wier e Mann gewiescht, dee Schwieregkeete mat Erfolleg gemeeschtert hätt, dee seng Verantwortung geholl hätt an dee staark chrëschtlech Wäerter vertrueden hätt[4].

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Dossier de Presse: 15ème anniversaire de l'Hôpital Kirchberg (9. Juli 2018)
  2. Jean-Louis Schiltz gibt Mandat der HRS SA ab. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-04-19). Gekuckt de(n) 2021-04-19.
  3. Hôpitaux Robert Schuman: Dr. Marc Berna neie Generaldirekter, Sandra Thein nei Adjoint. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-02-08.
  4. 4,0 4,1 hopitauxschuman.lu: Le Groupe HRS (gekuckt den 12. Juli 2019)
  5. land.lu: Giganonnespidol (21. Dezember 2012)
  6. 6,0 6,1 Pressecommuniqué: Fusion Fondation François-Elisabeth - ZithaKlinik: Hôpitaux Robert Schuman: Ein neuer Krankenhausverbund ist geboren
  7. 7,0 7,1 paperjam.lu: Une tour pour les Hôpitaux Robert Schuman au Kirchberg (18. Juni 2018)