Den Häerzniwwel ass en Emissiounsniwwel mat engem oppene Stärekoup am Zentrum a steet am Stärebild Cassiopeia.

Häerzniwwel NGC 896
Den Häerzniwwel (opgeholl vum Hunter Wilson)
Stärebild Cassiopeia (Cas)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 02h 32m 35.57s
Deklinatioun + 61° 29' 2.3"
Ausgesinn
Visuell Magnitude 12,5 mag mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
13,2 mag mag
Wénkelduerchmiesser 60,0' × 60,0'
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 7500
Absolutten Duerchmiesser 6,5
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
IC 1805
NGC 896

Bezeechnungen änneren

  • De mat Ofstand hellste Beräich vum Niwwel gouf fir d'éischt entdeckt, an als NGC-Objet 896 katalogiséiert.
  • Den oppene Stärekoup dréit ë. a. d'Bezeechnunge Melotte 15, Collinder 26, Raab 11 an IC 1805. D'IC-Bezeechnung gëtt heiansdo och fir de ganzen Objet gebraucht.
  • De Gasniwwel eleng huet d'Bezeechnung Westerhout 4 (W 4).
  • D'Kombinatioun mat engem eppes méi klengem Emissiounsniwwel deen no derbäi läit féiert den Trivialnumm "heart and soul nebula" ("Häerz- a Séilenniwwel").

Eegenschaften änneren

Den Objet ass ronn 7500 Liichtjoer vun eis ewech am Perseus-Aarm vun der Mëllechstrooss. Den Emissiounsniwwel aus Gaswolleken an donkele Stëbsberäicher besteet aus Plasma vu ioniséiertem Waasserstoff a fräien Elektronen.

Die roudelzeg, niwweleg Partië gi vun de Stäre vum oppene Stärekoup beliicht. Déi Grupp besteet aus ville Stäre mat am Ganzen der 50-facher Mass vun der Sonn a weidere klengen a manner helle Stären. Am Koup war e klenge Quasar ageschloss, dee viru Millioune vu Joren ausgestouss gouf.

 
En Deel vum Niwwel ass op der rietser Säit vum Bild ze gesinn

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren