Gréiwelsser Haff

(Virugeleet vu(n) Gréiwelshaff)
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Gréiwelsser Haff, op der topographescher Kaart als Gréivelserhaff agedroen, ass e fréiere Bauerenhaff an e Lieu-dit an der Gemeng Bartreng.

Gréiwelsser Haff
De Gréiwelsser Haff am Februar 2018
An anere Sproochen fr: Ferme de Grevels[1]
de: Grevelshof[1]
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Bartreng
Buergermeeschter M. Smit-Thijs (DP)
Koordinaten 49° 35’ 56’’ N
      06° 02’ 26’’ O

Geographie änneren

De Gréiwelsser Haff läit an der Kadastersektioun Lorentzscheuer vun der Gemeng Bartreng, ronn 300 m nërdlech vun der N5, tëscht dem Niderterhaff an der Gréiwelsser Barrière, op enger Héicht vun ca. 303 m.

Den Haff änneren

Dat gréisst Gebai op där Plaz ass den Haff selwer deen awer net méi als Baurebetrib exploitéiert gëtt.

De Stall vum Gréiwelsser Haff, mat der Scheier uewendriwwer gouf 2007 komplett renovéiert a gëtt vun der Gesellschaft Greiwels S.à r.l. fir privat Manifestatioune verlount.

Bis 1927 huet den Haff zum Gréiwelsser Schlass gehéiert. Zanter 1935 gehéiert en der Famill Christophory, aus där de Jul Christophory staamt.

Literatur änneren

  • Christophory, Jul: Le château de Grevels et la libération de Bertrange au Grand-Duché de Luxembourg du 9 septembre 1944: souvenirs et témoigages. Éd. Paul Bauler, Luxembourg 2009, 199 S.

Kuckeswäertes änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Christophory 2009, S. 67.