Schlass Gréiwels

fréiert Schlass an der Gemeng Bartreng


D'Schlass Gréiwels war e Schlass an der Gemeng Bartreng, dat wéinst senger roudelzeger Fassad och Rout Schlass genannt gouf.

Schlass Gréiwels
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bartreng
Plaz Gréiwelsser Haff
Ofgerappt oder zerstéiert 1948

Historique änneren

D'Schlass gouf 1858 vum Charles Munchen kaf. Hien huet et transforméiert, vergréissert a renovéiert.

1884 gouf d'Schlass duerch e Feier zerstéiert. Duerno gouf et erëm opgebaut.

1927 hunn d'Ierwen d'Proprietéit dem Restaurateur (Gastwirt) Chrétien Schmit-Ferry fir 260.000,- Frang verkaf.[1]

Zanter dem Ufank vum Zweete Weltkrich war d'Schlass net méi bewunnt.

Den 9. September 1944, den Dag vun der Befreiung vu Bartreng, gouf d'Schlass duerch e Feier zerstéiert. De leschte Proprietär war den Nottär Joseph Neuman.

D'Ruine vum Schlass goufen 1948 ofgerappt.

D'Gréiwelsserschlass stoung nieft dem Gréiwelsser Haff, dee bis 1927 zum Schlass gehéiert huet.

Literatur änneren

  • Christophory, Jul: Le Château de Grevels et la Libération de Bertrange - au Grand-Duché de Luxembourg - le 9 septembre 1944 ; Éditions Paul Bauler, 2009.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Wort, 17. Mee 1927 S. 3