Gilsdref
Gilsdref ass eng Uertschaft a Sektioun an der Gemeng Bettenduerf.
Gilsdref | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Gilsdorf de: Gilsdorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Gemeng | Bettenduerf |
Buergermeeschter | Patrick Mergen |
Awunner | 1.122 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 695,83 ha |
Héicht | 190 m |
Koordinaten |
49° 52’ 1’’ N 06° 10’ 52’’ O |
Geographie
ännerenGilsdref läit am Dall vun der Sauer deen do haaptsächlech duerch Wisen a Felder markéiert gëtt. Aner Waasserleef um Territoire vun der Uertschaft sinn d'Stuermbaach eng Niewebaach vun der Tirelbaach déi eng ronn 250 m westlech vun der Gilsdrefer Bréck an d'Sauer leeft. D'Saasselbaach mécht op engem Stéck vu ronn 750 m d'Sektiounsgrenz mat Steeën
Op de Koppen am Süden a Südoste gëtt et e grousst Bësschmassiv de Bettenduerfer Gemengebësch wouvun d'Deeler Bichebësch an Eechelbësch op der Sektioun Gilsdref leien.
Déi déifst Plaz an der Uertschaft ass laanscht d'Sauer an der Härewis mat 185 m an déi héchst ass am Bichebësch mat 352 Meter.
Zur Sektioun gehéieren nach d'Lieu-diten Brouderbuer, Moschbierg, souwéi de Clemenshaff an am Dall vun der Tirelbaach d'Tschiddeschmillen.
Fréier gouf et zu Gilsdref eng ronn 20 Steekaulen, vun deenen haut bal keng méi aktiv ass. De Gilsdrefer Sandsteen ass durch seng gutt Qualitéit bekannt, a gouf uechter d'Land, bei en ettlech bekannte Bauwierker gebraucht, wéi z. B. bei der Neier Bréck, der Villa Louvigny, der Fassad vun der Husky zu Diddeleng, der Orangerie an dem Lycée zu Iechternach.
Tëscht 1862 an 1964 hat Gilsdref eng Gare op der Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg (Sauerstreck).
Fotoalbum
änneren-
Vun Norden
-
Panorama
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Gilsdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |