Gilles Genot
lëtzebuergeschen Historiker
De Gilles Genot, gebuer 1991, ass e lëtzebuergeschen Historiker a Conservateur am Stater Geschichtsmusée.
Gilles Genot | |
---|---|
Gebuer | 1991 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker, Auteur |
De Gilles Genot huet zu Lëtzebuerg, Sheffield (University of Sheffield) a Paräis (École pratique des hautes études) mëttelalterlech Geschicht studéiert. Seng Masteraarbecht iwwer Lëtzebuerg an de 1440er a 1450er Jore gouf mam George Richard Potter Präis ausgezeechent (2014). 2019 huet hie seng Dokterthees iwwer d'Geschicht vu Lëtzebuerg am 15. a 16. Joerhonnert verdeedegt.[1]
Zanter 2019 ass de Gilles Genot Conservateur am Stater Geschichtsmusée. Zesumme mam Robert L. Philippart huet hien de Lëtzebuerger UNESCO Visitor Center kuratéiert. 2020 huet hien een Opruff lancéiert, fir Objeten aus der Coronazäit zu Lëtzebuerg ze sammelen.[2]
PublikatiounenÄnneren
- Continuité dynastique et conscience historique dans le duché de Luxembourg. La chronique de Nicolas de Naves (1521), Hémecht 68 (2016), p. 5-62
- Ascension sociale dans le duché de Luxembourg : possibilités, ambitions et limites. Le cas des Busleyden (fin XVe-XVIe siècles), Hémecht (2019), p. 149-212
- Luxemburg in der UNESCO : Die Anfangsjahre (1943 bis ca. 1950), Hémecht (2019), p. 311-324
- La voix du peuple ? Vote et élection avant la démocratie à travers le cas du Luxembourg au Moyen Âge et dans la première modernité, Claude Frieseisen, Régis Moes, Michel Polfer et Renée Wagener (éds.), #Wielewatmirsinn. 100 Joer allgemengt Wahlrecht, Luxembourg, 2019, p. 22-37 [mam Michel Margue, Eloise Adde a Christa Birkel]
- Sociabilité au Luxembourg / Geselligkeit in Luxemburg, 2023
- Die Stadtansicht Luxemburgs von Wenzel Callot aus dem Jahr 1753, 2022
Um SpaweckÄnneren
- Gilles Genot, Virale Verschwörungstheorien op forum.lu