De Régis Moes, gebuer 1986, ass e lëtzebuergeschen Historiker, Auteur a Jonkpolitiker.

Régis Moes
Gebuer 1986
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Schoul an akadeemesch Karriär

änneren

2005 huet de Régis Moes seng Première am Lycée Robert-Schuman gemaach.

Tëscht 2005 an 2010 huet hie Geschicht op der Université libre de Bruxelles an op der Universitéit Paris I Panthéon studéiert, wou hien 2010 mat engem Master 2 an der Geschicht, ënner der Leedung vum Professer Pierre Boilley a vum Professer Jean-Paul Lehners, ofgeschloss huet.

Seng Diplomaarbecht iwwer d'Lëtzebuerger am Kongo mam Titel, Cette colonie qui nous appartient un peu: la communauté luxembourgeoise au Congo belge: 1883 - 1960, ass 2011 mam Prix du meilleur mémoire vun der Fondation Robert Krieps angezeechent[1] an 2012 bei den "Éditions d'Lëtzebuerger Land" publizéiert ginn.

Zanter Abrëll 2014 ass de Régis Moes Conservateur am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht.

2016 huet hien do eng Ausstellung op d'Bee gestallt, déi d'Theema Kale Krich zu Lëtzebuerg presentéiert (La guerre froide au Luxembourg, 22. Abrëll - 27. November 2016). D'Ausstellung « Wiele wat mir sinn – 100 ans de suffrage universel » am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, 27. September 2019 - 6. September 2020) huet de Régis Moes zesumme mat der Renée Wagener organiséiert.

Politesch Karriär

änneren

Nodeem de Régis Moes sech zu Lycéeszäite schonn an der nationaler Schülerkonferenz (CNEL) engagéiert hat, ass hien 2002 Member vun de Jeunesses Socialistes ginn.

2008 war hien doriwwer eraus och Member vum Bureau vun den europäesche Jongsozialisten (ECOSY).

2010 ass de Régis Moes zum Generalsekretär vun de Jeunesses Socialistes gewielt ginn.[2]

Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 gouf hien an de Gemengerot vu Nidderaanwen gewielt. Hien ass President vun de Gemengekommissioun Jugend a Finanzen. Ausserdeem ass hie Member vum Comité vun der Syrdall Schwemm[sic].

De 17. Mäerz 2012 gouf de Régis Moes, als Nofollger vun der Taina Bofferding um Nationalkongress vun de Jeunesses Socialistes zu Déifferdeng, offiziell als neie President bestätegt.[3] Aus beruffleche Grënn huet hien 2013 net méi fir d'Presidence kandidéiert.[4]

Den 23. Juni 2013 ass hien als ee vun 21 Kandidaten, um Bezierkskongress vun der LSAP-Zentrum, fir d'Legislativwalen designéiert ginn.[5]

Publikatiounen

änneren
  • 2019: Claude Frieseisen, Régis Moes, Michel Polfer et Renée Wagener, #Wielewatmirsinn. 100 Joer allgemengt Wahlrecht, Luxembourg
  • 2010: La collaboration coloniale belgo-luxembourgeoise au Congo. In Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur 299, p.  29-32
  • 2012: Cette colonie qui nous appartient un peu: la communauté luxembourgeoise au Congo belge: 1883 - 1960, Éditions d'Lëtzebuerger Land/ Fondation Robert Krieps, Lëtzebuerg, ISBN 978-2-919908-06-6
  • 2013: La réforme scolaire de 1912. 'L'éducation n'étant plus, comme autrefois, une simple question d'A.B.C.. In Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur 325, Januar 2013, p.  35-38
  • 2013: L'Ecole luxembourgeoise dans la tourmente. La loi scolaire de 1912. In 1912-2012. Histoire d'une lutte scolaire Éditions FGIL, p.  7-25

Referenzen

änneren
  1. Artikel: Remise du prix « Robert Krieps » du meilleur mémoire de master 2010
  2. Historique vun de Jeunesses Socialistes Luxembourgeois
  3. Tageblatt Artikel: Régis Moes neuer Präsident Archivéiert de(n) 2013-05-14. Gekuckt de(n) 2013-09-06.
  4. Artikel: JSL wählt neue Spitze – Sammy Wagner wird Präsident
  5. Wort Artikel: LSAP Zentrum: selbstbewusst in den Wahlkampf