Déi fréist Geschicht vum eigentlechen, europäesche Russland (fir d'Geschicht vum asiateschen Deel, cf. Geschicht vu Sibirien) ass am Norde markéiert vu finno-ugresche Vëlker a Balten, an am Süde vun den indogermanesche Steppevëlker vum Kurganvollek, de Kimmerier, Skythen, Sarmaten an Alanen; méi spéit koumen hei nach Griichen, Goten, Hunnen an Awaren derbäi. An der Mëtt, tëscht dem Dnjepr an dem Bug, huet sech d'Ethnogenese vun de slawesche Vëlker entwéckelt, déi zanter dem 6. Joerhonnert ugefaangen hunn, sech och no Norden an Osten auszebreeden.

8. Joerhonnert änneren

Zanter dem 8. Joerhonnert si schweedesch Wikinger iwwer déi osteuropäesch Flëss gefuer, hu Stied a Siidlunge gegrënnt a sech mat der slawescher Virbevëlkerung vermëscht. Dës Zaldote-Geschäftsleit, déi och nach Waräger oder Rus genannt goufen, ware staark un der Grënnung vum éischten ostslawesche Staat bedeelegt, der "Kiewer Rus", mat Zentren zu Kiew an Nowgorod. Am südleche Steppegebitt an op der Wolga waren dogéint Räicher vun aus Asien agestréimten Turkvëlker, de Chasaren an de Wolgabulgaren, entstanen, mat deenen d'Rus Handel bedriwwen, mä och dacks Kricher gefouert huet. Intensiv Kontakter mat dem Byzantinesche Räich hu schliisslech 988 zur orthodoxer Christianiséirung vun der Kiewer Rus gefouert.

12. Joerhonnert änneren

 
Geschicht vum russesche Räich

Am 12. Joerhonnert huet d'Kiewer Rus ugefaangen ze zerfalen, wat et de Mongolen ënner dem Dschingis Khan, déi vun 1223 un agefall sinn, méi einfach gemaach huet, fir déi zerstridde russesch Fürstentemer z'ënnerwerfen. D'Gëllen Hord huet sou fir zwee Joerhonnerten e groussen Deel vu Russland beherrscht. Ënner der mongolescher Herrschaft huet sech déi russesch ("groussrussesch") Natioun erausgebilt. D'Groussfürstentum Moskau konnt sech schliisslech vun der mongolescher Friemherrschaft befreien, an de Groussfürst Iwan IV., dee Schrecklechen, huet sech 1547 zum éischten "Zar vun der ganzer Rus" kréine gelooss. Ënner senger Herrschaft huet och d'Eruewerung vu Sibirien ugefaangen, déi russesch Kosake fir d'éischt am 17. Joerhonnert bis un de Pazifik bruecht huet.

18. Joerhonnert änneren

Uganks vum 18. Joerhonnert huet den Zar Péiter de Groussen dat deelweis a mëttelalterleche Strukture festgefuere russescht Räich fir westeuropäesch Aflëss opgemaach a Wëssenschaft a Kultur ënnerstëtzt. D'Zarin Katharina déi Grouss ass dem Péiter säi Wee weidergaangen an huet eng konsequent Expansiounspolitik bedriwwen, an där hirem Laf si d'Schwaarzmierküst vun den Tierken eruewert (cf. Tierkekricher) a sech un den Deelunge vu Pole bedeelegt huet. 1812 sinn dem Napoleon seng Truppen a Russland agefall an hu Moskau eruewert, ier se schlussendlech awer nach geschloe goufen. Geschwënn drop ass den Zar Alexander I. als "Retter vun Europa" zu Paräis amarschéiert. Russland war dunn déi gréisst Muecht an Europa an huet e gëllent Zäitalter erlieft.

 
Europäeschen Deel vu Russland (1888)

Zanter 1825 gouf et am onzefriddene Vollek a bei der Intelligenzija ëmmer erëm Onrouen an Attentater (cf. Dekabristen), mä et huet bis an d'1860er Jore gedauert, bis datt et wéinstens emol zur Ophiewung vun der Leifeegeschaft koum. Trotz senger grousser Industrieproduktioun (Stol, Kuel, Ueleg, Militärgidder) ass Russland géintiwwer de westeuropäesche Groussmuechten ëmmer méi hannendrageroden. D'Industrialiséierung ass nach net an déi ländlech Provënze vum Riseräich virgedronge gewiescht, gréisstendeels huet d'Infrastruktur komplett gefeelt, d'Aarbechter an d'Baueren hate mat grousser Aarmut ze kämpfen an d'Demokratiséierung war nach wäit ewech.

20. Joerhonnert änneren

Dat alles huet grouss Problemer bereet, wat d'Zareräich fir d'éischt am Krimkrich an dunn 1905 bei der Nidderlag géint Japan ganz grausam virun Ae gefouert krut. Allerdéngs war den Zar Nikolaj II. anscheinend onfäeg, aus dëse Feeler ze léieren, a wichteg Reforme sinn ausbliwwen. En hat zwar noutgedrongen e Parlament geneemegt, d'Duma, mä déi hat praktesch guer keng Funktiounen, an en huet se kuerz drop souguer erëm opgeléist.

Wéi 1914 den Éischte Weltkrich ausgebrach ass, huet eng nei patriotesch Well dat ganzt Land erfaasst. Déi Erfolleger, déi uganks virun allem géint Éisträich-Ungarn an d'Osmanescht Räich erziilt konnte ginn, goufe geschwënn ofgeléist vun engem Stellungs- an Ofnotzungskrich. 1917 hu schliisslech d'Onzefriddenheet an der Bevëlkerung an déi desolat Versuergungslag dozou gefouert, datt d'Moral vun de russeschen Zaldoten noginn huet an d'Front zesummegebrach ass. Den Zar gouf zum Ofdanke gezwongen. Eng biergerlech Regierung ënner dem Kerenski koum un d'Rudder, bis datt geschwënn drop déi vum Lenin an de Bolschewiken initiéiert Oktoberrevolutioun hir e séiert Enn bereet huet. Doropshi koum et zu engem Biergerkrich tëscht de rouden an de wäisse Forcen, dee Millioune Mënschen d'Liewe kascht huet, an deen déi rout Bolschewike schlussendlech gewonnen hunn. Am Laf vum Biergerkrich huet Russland 1920 Deeler vu Wäissrussland an der Ukrain (="Ostpolen") u Pole verluer.

Aus Russland a senger Kolonie Sibirien ass déi Russesch Sozialistesch Federativ Sowjetrepublik (RSFSR) ginn, an den 30. Dezember 1922 ass duerch den Zesummeschloss vun der RSFSR an all deenen anere sowjetesche sozialistesche Republiken d'UdSSR entstanen. Eng staatlech kontrolléiert Wirtschaftspolitik ass ausgeruff ginn an d'Sowjets goufen als Proprietär vu Buedem a Produktiounsmëttel erkläert. Dem Lenin säin Doud den 21. Januar 1924 huet zu engem décke Sträit ëm seng Nofolleg gefouert, an där sech de Stalin géint de Leo Trotzki duerchsetze konnt. De Stalin huet du seng Muecht mat geziiltem Terror géint seng Géigner gefestegt. Vun 1928 u gouf déi staatlech Ekonomie Fënnefjorespläng ënnerworf, d'Industrialiséierung an d'Infrastruktur, speziell am asiatischen Deel vum Land, virugedriwwen an d'Landwirtschaft kollektivéiert.

Am August 1939 huet de Stalin e geheimen Netugrëffspakt mam Hitler ënnerschriwwen a sech sou d'Aglidderung vun den ostpolnesche Gebidder, vum Baltikum a vu Bessarabien geséchert. Nom Iwwerfall vun Däitschland op Russland den 22. Juni 1941 ass Russland op der Säit vun den Alliéierten an den Zweete Weltkrich (russ.: Grousse Krich vum Heemechtsland) agetratt. Grouss Deeler vum Weste vum Land goufe verwüst, bei der Belagerung vu Leningrad sinn iwwer eng Millioun Zivilisten erhéngert. Schlussendlech huet déi Rout Arméi den däitschen Truppe bei Moskau, Stalingrad a Kursk schwéier Nidderlagen ze schmaache ginn. Géint Enn vum Krich hu sowjetesch Truppen och nach japanesch Gebidder wäit hannen an Asien eruewert a besat: d'Mandschurei, Karafuto, Korea an d'Kurilen. 1945 huet d'Potsdamer Ofkommes der RSFSR dat nërdlecht Ostpreussen an déi haiteg Oblast Kaliningrad zougesprach. Vu Japan huet se nach dat südlecht Sachalin an d'Kurilen derbäikritt. Nom Enn vum Krich huet sech d'Sowjetunioun awer ëmmer méi vun den aneren Alliéierten ofgesat a sech groussen Afloss op seng Nopeschlänner Polen, Tschechoslowakei, Ungarn, Rumänien, Bulgarien, d'DDR an zäitweis och Albanien geséchert. An dëse Länner sinn Honnertdausende vu sowjeteschen Zaldote stationéiert bliwwen. Et koum zum Kale Krich, dee bis 1989 d'Weltpolitik dominéiert huet.

Wéi et 1991 zum Zesummebroch vun UdSSR koum, huet Russland als déi gréisst fréier Sowjetrepublik d'Ierfschaft vun der UdSSR ugeholl. Ënner dem President Boris Jelzin huet Russland sech zwar ëmmer méi demokratiséiert, mä et war och eng ganz onstabill Phas fir d'Land, an där d'Ekonomie deelweis d'Baach agaangen ass. Nodeems de Wladimir Putin am Joer 2000 President gouf, huet sech déi politesch a wirtschaftlech Lag erëm stabiliséiert. E Problem bleift awer d'Situatioun an der Republik Tschetschenien, wou Separatisten am stännege Kampf mat russeschen Truppe sinn, wat och Konsequenzen op de Rescht vum Land huet: No verschiddenen Attentater, ënner déi och d'Geiselnam vu Beslan fält, wou Honnerte vu Kanner an enger vun tschetscheeneschen Terroriste besater Schoul ëmkomm sinn, huet de President Putin konsequent Moossnamen ergraff, fir d'Terrorofwier ze stäerken, wat awer no Meenung vu verschiddene westleche Medien a Politiker och riskéiert, déi demokratesch Strukturen a Russland auszehielegen.

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Referenzen an Notten änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Maps of the history of Russia – Biller, Videoen oder Audiodateien