D'Potsdamer Ofkommes ass en Ofkommes tëscht den Alliéierten am Zweete Weltkrich, dem Vereenegte Kinnekräich, de Vereenegte Staaten an der Sowjetunioun, an deem ë. a. déi militäresch Besatzung an den Nees-Opbau vun Däitschland, no senger Néierlag am Zweete Weltkrich festgehale gouf, sou wéi ë. a. och d'Demilitariséierung vun Däitschland, d'Decisioun, datt et Dedommagementer bezuele misst, an d'Viru-Geriicht-Brénge vu Krichsverbriecher festgehale gouf.

Den Attlee, den Truman an de Stalin.

Et war d'Resultat vun der Dräi-Muechte-Konferenz, déi vum 17. Juli bis den 2. August 1945 zu Potsdam am Schlass Cecilienhof ofgehale gouf (Potsdamer Konferenz). Dës Konferenz louch an der Suite vun deene vun Teheran, Casablanca a Jalta, wou déi Alliéiert ënnereneen ausgemaach hunn, wéi et mat Europa, an absënns Däitschland, souwéi de Länner ronderëm, sollt viru goen, wann de Krich bis eriwwer wier.

Festgehale gouf an dësem Ofkommes (dat keen internationalen Traité ass) notamment:

  • Wat fir Infrastrukture vun den Alliéierte geschaf solle ginn (notamment den Alliéierte Kontrollrot), fir dat besat Däitschland zesummen ze verwalten; datt Däitschland deemno a Besatzungszonen opgedeelt sollt ginn;
  • datt Däitschland soll als Ganzt behandelt ginn, an datt et demokratiséiert, demilitariséiert an entnazifizéiert soll ginn;
  • datt d'Schwéierindustrie an Däitschland (déi fir Krichsvirbereedunge kéint benotzt ginn) zeréckgebaut soll ginn, an d'Liichtindustrie an d'Landwirtschaft ausgebaut soll ginn;
  • datt Däitschland misst Dedomagementer/Reparatioune bezuelen, wat ë. a. bedeit, datt 10 % vun der Schwéierindustrie-Infrastruktur an d'Sowjetunioun transferéiert sollt ginn;
  • datt déi däitsch Marinn ofgeschaf soll ginn an d'Schëffer an d'U-Booter versenkt oder tëscht den Alliéierten opgedeelt sollte ginn;
  • datt d'Stad Königsberg (haut Kaliningrad Oblast) un d'Sowjetunioun sollt goen;
  • datt an engem zukünftege Friddenstraité d'West-Grenz vu Pole laanscht d'Oder-Neisse-Linn goe sollt;
  • datt en Tribunal sollt opgeriicht ginn, fir d'Krichsverbriecher ze jugéieren (kuckt: Nürnberger Krichsverbriecherprozesser);
  • datt déi däitsch Bevëlkerung déi baussent Däitschland ass, sollt an Däitschland bruecht ginn (wat de facto drop erausgelaf ass, datt se vun do, wou se gewunnt hunn, verdriwwe gi sinn);

Ausserdeem goufe Mesurë festgehalen, wéi an den aneren europäeschen Territoiren ze verfuere wier, absënns an de Länner, déi zu den Achsemuechte gehéiert hunn, sou wéi an de Kolonië vun Däitschland a vun deene Länner.

Um Spaweck änneren