Ënnescht Millen (Wal)

Millen zu Bëschrued
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Ënneschter Millen an der Gemeng Wal. Fir aner Mille mat deem Numm, kuckt wgl. Ënnescht Millen.

D'Ënnescht Millen (op der topographescher Kaart als Oenneschtmillen agedroen) ass e Lieu-dit an eng fréier Millen an der Gemeng Groussbus-Wal. Se läit am Angelsgronn, am Agank vu Bëschrued wann ee vun der N12 an d'Duerf erafiert.

Ënnescht Millen
D'Wunnhaus op 40, Angelsgronn mam fréiere Millegebai (lénks am Bild)
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Groussbus-Wal
Buergermeeschter Paul Engel
Koordinaten 49°49'8,18"N, 5°56'36,28"O

Geschicht[1] änneren

D'Millen, déi och nach als Schäeffeschmille bekannt war, ass eng vu sengerzäit fënnef Millen déi zu Bëschrued vun der Bëschrueder Baach ugedriwwe gouf. Se ass am Kadasterplang vun 1824 als Gebai an L-Form agezeechent an de Mëller sengerzäit war de Crétien Schaefer[2], deen nach bis 1844 an der Steierlëscht ernimmt gëtt. 1862 heescht de Mëller Jean Schaeffer an 1904 ass de Jean Schäfer als Proprietär an der Lëscht vun de Mille vermierkt déi nach funktionéieren.

1933 huet e gewëssen Alphonse Mertens (1907-1955) vu Bëschrued d'Mëlleschduechter Marguerite Schaeffer (1907-1973) bestuet; si waren déi lescht Mëller déi an der Ënneschter Mille gemuel hunn.

Nom Zweete Weltkrich gouf kee Broutmiel méi gemuel, just nach Schrout fir ze Fidderen an dat bis zum Doud vum Mëller, 1955. Dat eisent Waasserrad war baufälleg an ass ëm 1950 ewechgerappt ginn; vun dee Moment u sinn d'Millesteng vun engem elektresche Motor ugedriwwe ginn. 1973 sinn d'Millesteng verkaaft ginn an d'Bannenariichtung ass erausgerappt ginn.

D'Millegebai, hannert dem Haus zur Baach zou, besteet nach. Bei Restauratiounsaarbechten ass d'Daachkonstruktioun allerdéngs geännert ginn an ass haut méi flaach wéi ursprénglech. De fréiere Milleweier, dee laanscht d'Strooss war, gouf uganks der 1950er zougetippt[3],[4].

Virum 1. September 2023 huet d'Ënnescht Millen zu der Gemeng Wal gehéiert, déi du mat der Gemeng Groussbus zu der neier Gemeng Groussbus-Wal fusionéiert huet.

Um Spaweck änneren

Commons: Ënnescht Millen (Wal) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Erpelding, Émile. Die Mühlen des Luxemburger Landes. 2. Aufl. Christnach: E. Borschette, 1988. Print.; S. 507
  2. D'Schreifweis vun de Familljennimm (Schaefer, Schaeffer, Schäfer) ass esou iwwerholl wéi se am Buch vum Émile Erpelding opgefouert ass.
  3. Informatioun iwwer E-Mail (10.02.2023) vum Gemengesekretär vun der Gemeng Wal
  4. Op Loftbiller vun 1951 ass en net méi ze gesinn