Léierhaff
Lieu-dit an der Gemeng Groussbus
Léierhaff (lokal: op der Léier[1]) ass e Lieu-dit an der Gemeng Groussbus-Wal dee just aus engem Bauerenhaff besteet.
Léierhaff op der Léier | |
---|---|
De Léierhaff (2018) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Lehrhof de: Lehrhof |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng | Groussbus-Wal |
Buergermeeschter | Paul Engel |
Awunner | 17 |
1. Januar 2021; 1. Januar 2022 | |
Koordinaten |
49° 51’ 22’’ N 05° 56’ 45’’ O |
Den Haff läit laanscht d'Nationalstrooss N 12, op enger Héicht vu 487 Meter, a ronn 1 Kilometer westlech vun Dellen.
Op der topographescher Kaart vum Kadaster ass en als Lehrhaff agezeechent.
Net wäit vum Haff an nërdlecher Richtung steet op der Kräizung vun der N 12 mat dem CR345 d'Jenne-Kapell.
Am Westen an am Süde vum Haff leie grouss Bëscher, vun deenen de bekanntsten den Alebësch ass. No Norden an no Osten ass fräi Gewan, déi, wéi op de meeschte Plazen um südleche Bord vum Éislek, zimmlech koppeg ass.
Biller änneren
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Lehrhof (Grosbous) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.