Klaischen-Kapell Beefort

D'Klaischen-Kapell (a vereelzter Schreifweis och alt Klaisgen geschriwwen) ass eng Kapell an der Gemeng Beefort.

Klaischen-Kapell Beefort

Uertschaft / Plaz Beeforter Heed
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Baujoer 1636
Koordinaten 49° 50’ 38.9’’ N
      06° 17’ 10.5’’ O
Kierchen - Kapellen

Si steet op der Beeforter Heed, an der Eppelduerfer Strooss. Hannendru stinn zwou mächteg Lannen.

D'Klaischen-Kapell gouf 1636 gebaut. Den Numm deit drophin, datt do fréier eng Klaus war.

Si ass zanter dem 31. Juli 1968 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument agedroen.[1]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).