Villa Clivio ass den Numm vun enger Jugendstil-Villa am Garer Quartier, an der Goethe-Strooss, an der Stad Lëtzebuerg. Se gouf vum Architekt Mathias Martin entworf an ëm 1908 gebaut. Bauhär war den Entreprener Cesare Clivio (1868-1939), dee se fir sech selwer baue gelooss huet.

Villa Clivio
D'Villa Clivio (2015)
Land Lëtzebuerg
Adress rue Goethe
Stad Lëtzebuerg
Koordinaten 49° ’ ’’ N 6° ’ ’’ O
Baustil Jugendstil
Architekt(en) Mathias Martin
Statut Klasséiert Monument (SSMN)
Datum vum Bau 1908
D'Villa Clivio, vun der Goethe-Strooss aus gesinn (2011).

An den 1930er Joren huet de Clivio d'Haus un d'Famill Gutenkauf verkaf. Déi huet bis 1960/61 dra gewunnt an et dann enger Entreprise verkaf. Duerno stoung d'Haus jorelaang eidel, an ass ëmmer méi delabréiert. Mëtt vun den 1980er Joren huet d'Spuerkeess et kaf a restauréiere gelooss.[1]

D'Villa Clivio ass zanter dem 13. Januar 1989 als nationaalt Monument klasséiert.[2]

Literatur änneren

  • Denis Scuto: "L'Art 1900 célébré par un entrepreneur italien". In: Antoinette Lorang, Denis Scuto: La maison d'en face - Das Haus nebenan., Éditions Le Phare 1995, S.41-44.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Villa Clivio – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Scuto, 44.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).