Juventus Football Club
Juventus | ||||
Offiziellen Numm: | Juventus Football Club | |||
---|---|---|---|---|
Spëtznumm: | Juve, Bianconeri, La Vecchia Signora (Déi al Damm) | |||
Veräinsfaarwen: | Wäiss-Schwaarz | |||
Grënnung: | 1897 | |||
Stadion: | Juventus Stadium, Turin | |||
Plazen: | 41.507 | |||
President: | Andrea Agnelli | |||
Liga: | Serie A | |||
Saison: | 2023/24 | |||
Positioun: | 3. | |||
|
Juventus Football Club S.p.A., dacks och Juventus Turin oder einfach Juventus oder Juve, genannt, ass en italieenesche Foussballclub vun Turin. Juventus spillt am Moment (Saison 2023/24) an der éischter italieenescher Liga, der Serie A.
Mat 36 nationale Meeschterschaftstitelen (eigentlech 38, Juventus krut zwéin Titelen oferkannt, wéinst Implikatiounen a Wettskandaler), néng Coupe-Gewënner, als dräimolege Gewënner vun der Europa-Coupe vun de Landesmeeschtere resp. der UEFA Champions League an als zweemolege Gewënner vun der Welt-Coupe ass Juventus eng vun de Veräinsekippe mat deem meeschte Succès op der Welt an déi Ekipp mat dem meeschte Succès an Italien. Juventus war déi éischt Ekipp déi 5 Meeschterschaften hannereneen gewonnen huet, vun 1930/31 bis 1934/35 (de sougenannte Quinquennio d'Oro).
De Veräi spillt seng Heemspiller am Juventus Stadium.
Um Spaweck
ännerenCommons: Juventus Football Club – Biller, Videoen oder Audiodateien |