Institut national des langues Luxembourg

Nationale Sproocheninstitut

Den Institut national des langues Luxembourg (INLL) ass e staatlecht Institut zu Lëtzebuerg, deem seng Haaptaufgab et ass, am Kader vun der Erwuessenebildung Sproochecoursen unzebidden, d'Kompetenze vu senge Apprenanten ze zertifiéieren, spezialiséiert Sproochecoursë fir eenzel Beruffssparten auszeschaffen an unzebidden, an den Enseignement vu Sprooche mat aneren Institutiounen virun z'entwéckelen.

Institut national des langues Luxembourg
Den ILLL um Boulevard de la Foire an der Stad
Land Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 23. Mee 2009
Um Spaweck https://www.inll.lu/fr/
D'Annexe vu Miersch…
… an déi um Belval.

E gouf mat engem Gesetz vum 23. Mee 2009 ënner dem Numm Institut national des langues gegrënnt an a senger haiteger Form duerch e Gesetz vum 8. Mäerz 2023 reforméiert an ëmbenannt. En ënnersteet dem Educatiounsministère[1].

D'Haaptgebai ass an deem vun der éischter Europaschoul, um Boulevard de la Foire an der Stad Lëtzebuerg, an et gëtt zwou Annexen, eng um Belval an eng zu Miersch. An engem Schouljoer waren iwwer 13.000 Leit vun enger 130 verschiddenen Nationalitéiten um INLL ageschriwwen an et goufen eng 55.000 Léierstonnen ugebueden[2].

Um Spaweck änneren

Commons: Institut national des langues Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Source vum Artikel, wou net anescht uginn: "Loi du 8 mars 2023 portant création de l'lnstitut national des langues Luxembourg." op legilux.public.lu.
  2. À propos de l'Institut national des langues Luxembourg. inll.lu, nogekuckt: 2023-06-23.