Den Ouschterméindeg gehéiert mam Stiefesdag an dem Péngschtméindeg zu der Kategorie vun den zweete Feierdeeg am Chrëschtentum. A ville Länner ass et e gesetzleche Feierdag, dorënner an der ganzer EU ausser a Portugal an a verschiddene spuenesche Regiounen.

Den Ouschterméindeg als gesetzleche Feierdag an der Welt

Et ass den Dag no Ouschteren an domat huet e kee fixen Datum, e fält awer ëmmer tëscht dem 23. Mäerz an dem 26. Abrëll. An den éischte chrëschtleche Joerhonnerte gouf Ouschteren eng ganz Woch laang nom Ouschtersonndeg gefeiert, mee op deene meeschte Plaze gouf et duerno op een Dag reduzéiert.

Liturgesch Bedeitung änneren

 
Déi zwee Jünger erkennen de Jesus beim Brieche vum Brout zu Emmaus

Den Ouschterméindeg huet liturgesch de Rang vun engem Héichfest.

An der Mass gëtt deen Dag aus dem Evangelium d'Geschicht vun der Operstéiung vum Jesus aus der Siicht vun den Emmaus-Jünger erzielt. Déi zwéin hu sech den drëtten Dag no der Kräizegung vum Jesus zu Jerusalem op den Heemwee gemaach. En Onbekannte schléisst sech hinnen un, deen hir Trauer hannerfreet an hinnen dunn erkläert, datt de Messias all dat huet missen erleide wéi déi al Schrëften et virausgesot haten. Zu Emmaus invitéieren d'Jünger de Mann an eng Herberg, wou deen dunn d'Brout brécht a si dorun de Jesus erkennen, deen awer virun hiren Ae verschwënnt. Si maache sech direkt nees zeréck op Jerusalem, wou se nach an der selwechter Nuecht ukommen an den do versammelte Jünger vun hirem Erliefnes erzielen.

Fest an Traditioun zu Lëtzebuerg änneren

Den Ouschterméindeg ass zanter 1892 e gesetzleche Feierdag zu Lëtzebuerg[1].

Op Ouschterméindeg gëtt zu Nouspelt an an der Stad déi traditionell Éimaischen organiséiert, déi virun allem wéinst de Péckvillercher bekannt ass. Dat si déi kleng, typesch Lëtzebuerger Vullen aus Toun, mat deenen een - änlech wéi de Guckuck - päife kann[2].

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 16 février 1892 déclarant jours fériés légaux les lundis de Pâques et de Pentecôte et le lendemain de Noël op legilux.lu, gekuckt den 9. Januar 2019
  2. Quell vun dësem Kapitel: Hausemer, G., & Luxembourg Service Information et Presse. (2013). Apropos ... Feste und Traditionen in Luxemburg (Säit 3). Luxembourg: Presse- und Informationsamt, gekuckt op luxembourg.public.lu den 9. Januar 2019