Euanthe (Mound)

Jupitermound


De Mound Euanthe (oder Jupiter XXXIII) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Euanthe
(Jupiter XXXIII)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2001 J 7
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 20.799.000 km
Periapsis 15.973.600 km
Apoapsis 25.624.400 km
Exzentrizitéit 0,232
Ëmlafzäit 620,6 Deeg
Ëmlafvitess 2,44 km/s
Inklinatioun 148,9°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 4 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 22,8
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 11. Dezember 2001

Entdeckung änneren

Den Euanthe gouf den 11. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Seng virleefeg Bezeechnung war S/2001 J 7.

De Mound gouf no der Euanthe, déi als Mamm vun de Chariten aus der griichescher Mythologie ugesi gëtt, genannt.

Bunndaten änneren

Den Euanthe kreest a 620 Deeg a 14 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 20.799.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,232. Mat enger Inklinatioun vun 148,9° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Euanthe zu der Ananke-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Ananke.

Physikalesch Daten änneren

Den Euanthe huet e mëttleren Duerchmiesser vun zirka 3 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. E besteet héichstwahrscheinlech aus Silikatgestengs. Seng Uewerfläch ass ganz däischter a seng Albedo ass 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,8m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren