D'Bibliothéik Eschduerf gouf op d'Initiativ vun der Gemeng Heischent am Kader vu Leader II am November 1998 mat Ënnerstëtzung vum Kulturministère gegrënnt.

Et war ausgemaach, datt d'Gemeng de Projet sou laang stäipe sollt, bis eng definitiv Léisung fonnt wier.

Am Januar 2005 ass eng Konventioun mam zoustännege Ministère ausgeschafft an ënnerschriwwe ginn.

Oppe Rayonen änneren

D'Stellage si fir d'Lieser komplett zougänglech.

D'Auswiel änneren

Déi Eschduerfer Bibliothéik huet am Summer 2008 eppes iwwer 9.000 Bicher, déi Eegentum vun der Bibliothéik sinn, an déi ni all an de Regale stinn. Wéi d'Bibliothéik am Fréijoer 1999 hir Dieren opgemaach hat, goufen dem Public ronn 3.000 Bicher ugebueden, déi fir dee gréissten Deel vum Bicherbus, dem CID-femmes an dem CITIM zur Verfügung gestallt waren. Bicherdone vu Privatleit a vum Kulturministère, souwéi Neiakeef, tëscht 500 a 600 am Joer, hunn et méiglech gemaach, de Lieser ëmmer nees Neies unzebidden.

Ganz grousse Wäert gëtt op Kannerbicher geluecht.

D'Medien änneren

No an no ginn nieft de Bicher zu Eschduerf och Lauschterbicher a Filmer op DVD ausgeléint.

D'Benotzer änneren

Déi ronn 450 aktiv Lieserinnen a Lieser kommen aus 33 verschiddene Gemengen aus engem Ëmkrees vu bis zu 25 km a léinen all Joer tëscht 8.000 an 9.000 Bicher aus.

Kuckt och änneren