Kierch Eschduerf
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vun Eschduerf (2006) | ||||
Uertschaft / Plaz | Eschduerf | |||
Par | Öewersauer Saint-Pirmin | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Hélène | |||
Konsekratioun | 1895 | |||
Koordinaten | 49° 53’ 07.1’’ N 05° 56’ 06.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Eschduerf ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Esch-Sauer gehéiert. Et ass och d'Parkierch vun där neier Par.
D'Patréinesch vun der Kierch ass déi helleg Helena, där hiert Fest den 18. August gefeiert gëtt.
Se steet op der Kräizung vun der Haaptstrooss (An der Gaass), dem CR314, mat der Juddegaass.
GeschichtÄnneren
Zu Eschduerf gouf am Joer 1717 eng nei Kierch gebaut.[1]. Dës Kierch gouf um Enn vum 19. Joerhonnert duerch déi haiteg Kierch ersat, déi den 12. November 1895 konsekréiert gouf.
Bis de 7. Mee 2017 war d'Kierch vun Eschduerf och d'Parkierch vun der Par Eschduerf. Et war déi eenzeg Kierch an der Par Eschduerf.
KlackenÄnneren
Am Kierchtuerm vun Eschduerf hänke 6 Klacken déi an den Téin c", b', a', g', f' an c', lauden. Lauschtert op You tube
Par EschduerfÄnneren
PaschtéierÄnneren
- 1795 - 1804: Nic. Neumann, Eschduerf
- 1804 - 1808: J.P. Schmit, Géisdref
- 1808 - 1811: P. Flammant, Platen
- 1811 - 1835: Martin Weings, Oberweis
- 1835 - 1852: Paul Urhausen, Grooljen
- 1852 - 1864: Nicolas Eischen, Esch-Sauer
- 1864 - 1885: Theodore Wintersdorf, Biereng
- 1885 - 1887: Nicolas Moes, Réimech
- 1887 - 1898: J.B. Pinth, Beesslek
- 1898 - 1911: Nicolas Anthony, Kierchen
- 1911 - 1917: Fernand Laux, Keel
- 1917 - 1923: Johann Engler, Huelmes
- 1923 - 1928: Michel Faltz, Furen
- 1928 - 1937: Aloyse Faber, Stengefort
- 1937 - 1950: Balthasar Bourggraff, Beesslek
- 1950 - 1984: Joseph Roeder, Bettenduerf
- 1984 - 1988: Paul-Maria Meier, Biwels
- 1988 - 1993: Félix Steichen, Welschent
- 1993 - 1999: Pit Faber, Bouneweg
- zanter 1999: Marco Wehles, Houschent
KiermesÄnneren
D'Eschduerfer Kiermes ass ëmmer de leschte Sonndeg am August.
Donieft gëtt zu Eschduerf och eng "kleng Kiermes" gefeiert, an zwar op Jousefsdag, den 19. Mäerz.
PaschtoueschhausÄnneren
D'Paschtoueschhaus steet hanner der Kierch a gouf am Joer 1900 vum Eschduerfer Entreprener Jean Stephany gebaut.
ParhausÄnneren
Nieft dem Paschtoueschhaus hanner der Kierch steet d'Parhaus, dat an den 1990er Joren op Initiativ vum deemolege Paschtouer Félix Steichen onentgeltlech vun e puer Eschduerfer Leit gebaut ginn as. D'Aweiung war den 28. Juni 1998.
LiteraturÄnneren
- Philippe Scouville: Handbüchlein der Bruderschaft Jesus, Maria, Josef, gegründet durch Ph. Scouville, S. J., eingeführt in Eschdorf durch P. Wiltz, S. J., am 19. März 1720, Imprimerie St. Paul, 1953
- Paul-Marie Meier: T.H. Welter, Pfarrer in Eschdorf-Esch (1777-1784), Hemecht, 1988, Säiten 77 bis 91
- Paul-Marie Meier: Nicolas Neumann: Pfarradministrator von Eschdorf/Esch 14.1.1795-16.1.1803, Hemecht, 1988, Säiten 517 bis 525
- Paul-Marie Meier: Joh. Bapt. Pinths Pastoraljahre 1888-1895 als Pfarrer von Eschdorf, Hemecht, 1995, Säiten 205 bis 229
- Zenner, Roby: Aus der Pfarrgeschichte von Eschdorf, Lëtzeburger Sonndesblad, 1988, Nr. 25, Säit 28
- Roby Zenner: Aus der 600 Jahre alten Pfarrei Eschdorf, Lëtzeburger Sonndesblad, 1997, Nr. 28, Säit 24
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Kierch Eschduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 154