Katrewang (Esch-Sauer)

Lieu-dit an Esch-Sauer
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lieu-dit Katrewang an der Gemeng Esch-Sauer. Fir de Lieu-dit an der Gemeng Kielen, kuckt wgl. Katrewang (Kielen).

Um Katrewang (och alt Um Quatre-Vents) ass e Lieu-dit an den Odonym vun enger Strooss zu Eschduerf an der Gemeng Esch-Sauer. De Katrewang läit op enger Héicht vu 518 m (NG-L), tëscht dem Ale Bësch an der Hierheck um CR308.

Katrewang
An anere Sproochen fr: Quatre-Vents
Land Lëtzebuerg
Kanton Dikrech
Gemeng Esch-Sauer
Buergermeeschter Laurent Hilger
Koordinaten 49° 52’ 52.0’’ N
      05° 56’ 32.9’’ O

De Foussballstadion vum „FC Racing Heiderscheid-Eschdorf“ um Katrewang - op 523 m N.N. - ass den héchsten Terrain zu Lëtzebuerg[1]. Op der Plaz wou niewent dem Terrain de Waassertuerm steet, stoung fréier de Gaalgen aus der Gemeng.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Quatre-Vents (Eschdorf) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Rund um’s Stadion: Terrain Um Quatre-Vents op domi333blog.wordpress.com (gekuckt den 21. Februar 2018)