Beggener Schlass

fréiert Schlass zu Beggen an der Stad Lëtzebuerg

D'Beggener Schlass, sou wéi et haut do steet, gouf 1896 vum Émile Metz am eklektesche Stil baue gelooss.

Beggener Schlass
D'Beggener Schlass am Joer 1913
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Beggen
Koordinaten 49°38'36"N, 6°8'16"O
Architekt(en) Wynand Janssens
Statut erhalen
Datum vum Bau 1896
Proprietär Russesch Ambassade
D'Haaptentrée vum Schlass
Empfangsraum

Geschicht änneren

Ursprénglech stoung op deem Terrain wou elo d'Schlass steet, eng Pabeiermillen, déi am 18. Joerhonnert gebaut gouf a bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert existéiert huet.

1865 ass den Terrain vun der Société Metz & Cie kaaft ginn, déi zu där Zäit och eng ronn 400 Meter méi südlech, d'Dummeldenger Schmelz gebaut huet. An den 1880er Joren ass um Terrain eng Villa gebaut ginn, déi awer am Januar 1894 komplett verbrannt ass.

Duerno ass d'Schlass no de Pläng vum Bréisseler Architekt Wynand Janssens (1827-1913) nei opgebaut ginn. Et gouf no sengem Besëtzer Émile Metz och „Emils-Schlass“ genannt. Ronderëm d'Schlass ass e Park ugeluecht ginn.

Nom Doud vu sengem éischte Proprietär Émile Metz a senger Fra Edmée Tesch ass d'Schlass vum Generaldirekter vun der ARBED, dem Émile Mayrisch, iwwerholl ginn a bis zum Zweete Weltkrich huet säin Neveu, den ARBED-President Gaston Barbanson do gewunnt. D'Schlass war dunn och ënnert dem Numm „Barbansons-Schlass“ bekannt.

Nom 10. Mee 1940 gouf et vun der Wehrmacht requisitionéiert a vun däitschen Offizéier bewunnt. Vun Oktober 1944 bis September 1945 ass et vun der amerikanescher Arméi benotzt ginn.

Nom Doud vum Gaston Barbanson 1946 koum d'Schlass an de Besëtz vun der Wueltätegkeetsstëftung Fondatioun Veuve Émile Metz-Tesch.

1949 huet de belschen Entreprener Jean van der Planck d'Schlass kaaft, deen et 1950 fir 4,2 Millioune Frang un d'Gesellschaft Château de Beggen viruverkaaft huet.

Vun 1950 bis 1956 gouf d'Schlass als Hotel ënner dem Numm « Hôtel des Forges » benotzt.

1956 ass d'Schlass, zu deem nach ëmmer en Deel vum Park gehéiert, un d'Ambassade vun der UdSSR verlount ginn. Am Hierscht 1956 hunn e puer Demonstranten, déi géint den Amarsch vun de sowjeteschen Truppen an Ungarn protestéiert hunn, d'Schlass gestiermt a grousse Schued an de Wunnraim gemaach.

1973 huet d'Gesellschaft Château de Beggen der sowjetescher Ambassade d'Schlass komplett mat den 2,8 ha Grondstécker ronderëm fir 8,5 Millioune Frang verkaaft.

Op Initiativ vum deemolege russesche Botschafter Édouard Malayan si vun 2005 - 2009 gréisser Restauratiounsaarbechten am Schlass ausgeféiert ginn.

Literatur änneren

  • Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 4. Das Schloss Beggen. S. 40-49, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8
  • Théato, Fernand, 2006. Do hannen zu Beggen an: Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, S. 12-15. Pafendall: Chorale Sang & Klang.

Um Spaweck änneren

Commons: Beggener Schlass – Biller, Videoen oder Audiodateien