Emil Blondelot

lëtzebuergesche Postbeamten an Naturalist

Den Emile Pierre Blondelot, gebuer den 22. Juli 1908 am Pafendall[1] (Stad Lëtzebuerg) a gestuerwen den 19. Januar 1982 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Postbeamten an Naturalist.[2]

Emil Blondelot
Gebuer 22. Juli 1908
Lëtzebuerg
Gestuerwen 19. Januar 1982
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Naturalist, Fonctionnaire

De Postbeamten

änneren

No dem Premièresexamen (Section industrielle) an der Industrie- an Handelsschoul an der Stad, deen hien am Juli 1926 bestanen huet,[3] huet den Emile Blondelot nach zwee Joer laang am „Institut d'études commerciales supérieures“ vu Stroossbuerg studéiert. Dono huet hien eng Plaz bei der lëtzebuergescher Post (P.T.T.) ugeholl, wou hien zum Schluss vu senger Carrière Inspekter war.[2]

Den Naturalist

änneren

Den Emile Blondelot, dee sech fir d'Naturwëssenschaften intresséiert huet, ass 1946 Member vun der „Société des naturalistes luxembourgeois“ (SNL); hie war deemools „commis des Postes“ zu Rued-Sir.[4] An der Generalversammlung vum 2. Januar 1950 ass hien an de Comité vum Veräi gewielt ginn,[5] deem hie vun do un bis 1974 ugehéiert huet. Vun 1950 bis 1970 war hien Trésorier. Hien huet sech awer och fir d'Geschicht intresséiert a war Grënnungsmember vun den „Amis de l'histoire“.[2]

Den Emile Blondelot war aktiv a Versammlungen, wou hie besonnech iwwer Sujeten aus dem Beräich vun der Physik geschwat huet.[6] Bei den Ausflich vun der SNL war hien och alt als Guide dobäi.[7] Sengem Frënd Léopold Reichling huet hien déi eng oder aner méi rar Planz signaléiert.[8]

D'Famill

änneren

Den Emile Blondelot huet sech 1940 mat enger Joffer Paquet vu Rued-Sir bestuet.[2] Hiert Meedchen, Raymonde Blondelot, dat Professer ginn ass, ass als Studentin an der Generalversammlung vum 7. Januar 1963 an d'SNL opgeholl ginn.[9]

Dem Emile Blondelot seng Eltere waren den Emile Blondelot sen., gebuer den 13. Juni 1884 an der Stad, an d'Marguerite Modo, och do gebuer den 22. Februar 1888. Si hu sech den 19. August 1907 an der Stad bestuet. D'Koppel krut zwee Kanner, den Emile Pierre (1908) an de Mathias (1913).[10] Den Emile Blondelot sen. war Koffergéisser. D'Handwierk hat hie bei sengem Papp, dem Emile Pierre Blondelot, deen 1858 zu Helsem op d'Welt koum, geléiert. Am November 1908 huet den Emile Blondelot sen. eng eege Koffergéisserei um Terrain vu senge Schwéierelteren a Clausen ageriicht. 1916 huet hie sech zu Bouneweg installéiert, an 1933 um Houwald. Am Mee 1944 ass säin Haus bei dem Bombardement vun der „Zwickau“ vun enger Bomm getraff ginn, woubäi seng Fra ëm d'Liewe koum.[11] Den Emile Blondelot sen. ass den 19. Mee 1968 an der Weilerbaach gestuerwen.[12]

Literatur

änneren
  • Anonyme, 1955. Excursion botanique du 18 juillet 1954, de Roodt-sur-Syre par Mensdorf, Widdenberg, Mont Créqui à Munsbach; dans l'après-midi, par Groknupp, Franzousegronn, Steckelchesgruecht et Neiheisgen à Luxembourg-Neudorf. Guide: E. Blondelot. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 59(1954), S. 223-225. [8]
  • Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91(1990): 5-214. [9]
  • Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 5-302. [10]
  • Reichling, L., 1954. Herborisations faites dans le Grand-Duché de Luxembourg en 1953. - Notes réunies et commentées par L. Reichling. Contributions de Melle T. Biermann, MM. V. d'Ansembourg, E. Beck, J. Berchem, E. Blondelot, M. Coûteaux, J. Deitz, M. Etringer, E. Faber, L. Faber, R. Faber, E. Gillen, M. Heuertz, M. Hulten, F. Jungblut, M. Koedinger, A. Lawalrée, Fr. L. Lefort, L'Abbé Legrain, P. Merker, F. Nicolay, L. Reichling, G. Rischard, E. Schmit, H. Schmit, M. Schmitz, A. et V. Schoetter, A. Steinmetzer, H. Sterges, R. Stumper et N. Thill, de Waha et F. Weissen. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 58(1953), S. 76-134. [11]
  • Reichling, L., 1985. Emile Blondelot: 1908-1982. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 85(1980-1982), S. 7-8. [12]
  • Schumacher, R., 2016. Wussten Sie schon, dass Howald früher einmal eine Kupfergießerei besessen hat? De Buet: Gemengeblat vun der Hesper Gemeng, Nr. 25, S. 16-17.[13]

Referenzen

änneren
  1. Stad Lëtzebuerg, Gebuertsregëster 1908, Nr. 328, gebuer an der „Grünewaldgasse“, Nr. 3 (haut „rue des Trois-Glands“, cf. Schumacher 2016). — Reichling (1985) a Massard (1990, S. 158), schreiwen iertëmlecherweis, hie wier zu Clausen (wou senger Mamm hir Eltere gewunnt hunn) op d'Welt komm.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Reichling 1985.
  3. Obermoselzeitung 1926-07-22, S. 2 (Abgangsprüfung)
  4. Liste des membres. Bulletin SNL 51 (1940/46), S. 65
  5. Anonyme, 1950. Assemblée générale ordinaire du 2 janvier 1950. Bulletin SNL 54 (1949), S. 327 & 332. [1]
    Massard 2015, S. 130.
    Tageblatt 1950-03-07, S. 2 (Hauptstädtische Kleinigkeiten). [2]
  6. Séance du 16 janvier 1950. Bulletin SNL 55 (1950), S. 376-377. [3]
    Séance du 5 novembre 1951. Bulletin SNL 56 (1951), S. 129. [4]
    Séance du 22 novembre 1965. Bulletin SNL 70 (1965), S. 219. [5]
    Séance du 13 décembre 1971. Bulletin SNL 76 (1971)(2), S. 36. [6]
  7. Anonyme 1955.
  8. Reichling 1954.
  9. Anonyme, 1966. Assemblée générale annuelle du 7 janvier 1963. Bulletin SNL 67 (1962), S. 69-76. [7]
  10. Luxroots.
  11. Luxemburger Wort 1944-05-19, S. 6 (Doudesannonce).
  12. Schumacher 2016.