Félix Jungblut

lëtzebuergesche Botaniker a Mykolog


De Félix Jungblut, gebuer den 12. Januar 1898 um Lampertsbierg a gestuerwen de 7. Juni 1988, war e lëtzebuergesche Botaniker a Mykolog[1].

Félix Jungblut
Gebuer 12. Januar 1898
Lampertsbierg
Gestuerwen 7. Juni 1988
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Botaniker
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois

De F. Jungblut huet 1918 als « aide-chimiste » am Chimieslaboratoire vun der Dummeldenger Schmelz (Arbed) ugefaangen, wou hien et am Laf vu senger Carrière bis zum « Chef de laboratoire » (Chimie, Metallurgie) bruecht huet an als « Chef de service » am Joer 1963 an d'Pensioun goung[2].

De F. Jungblut war Member vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal (membre correspondant 1952, membre effectif 1958). 1946 gouf hie Member vun der SNL; vun 1953 bis 1954 a vun 1963 bis 1965 war hie Sekretär, a vun 1976 bis 1980 Vizepresident vum Veräin[1].

De Jungblut huet sech fir d'éischt fir Botanik intresséiert a sech duerno op d'Pilze spezialiséiert. Seng Publikatiounen decken dës zwee Gebidder of, doniewent huet hien awer och Artikele publizéiert, déi mat sengem Beruff ze dinn haten. Eng Gesamtlëscht vu senge Publikatiounen ass am Noruff, deen de Léopold Reichling an den « Archives » vun der « Section des sciences » publizéiert huet, ze fannen[3].

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Massard 2015, S. 195.
  2. Massard 2015: 195-196.
  3. Reichling 1995, S. 39-41.