Elles ass eng Tragicomedie vum portugisesche Regisseur Luis Galvao Teles aus dem Joer 1997. Et ass eng lëtzebuergesch-portugisesch-belsch-franséisch-spuenesch-Schwäizer Koproduktioun.

Elles
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Portugal
CHECHE Schwäiz
Spuenien
Première 17. Oktober 1997
Dauer 97 min.
Faarf Faarweg
Originalsprooch Franséisch, Portugisesch
Ekipp
Regie Luis Galvao Teles
Dréibuch Luis Galvao Teles, Don Bohlinger
Fotografie Alfredy Mayo
Musek Alejandro Massó
Schnëtt Regina Bärtschi, Jacques Witta
Produzent Jani Thiltges, Claude Waringo
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film (LU), Noé Productions (FR), Action (PT), Esicma (ES), Fama Film (CH), ICAM (PT), Canal + (FR), RTP (PT), RTBF (BE), SF DRS (CH), Teleclub AG (CH)
Schauspiller
Miou-Miou als Eva
Carmen Maura als Linda
Marthe Keller als Barbara
Marisa Berenson als Chloé
Guesch Patti als Branca
Joaquim de Almeida als Gigi
Morgan Perez als Luís
Didier Flamand als Edgar
Marja-Leena Junker als Dokter
Sascha Ley als Assistentin vum Linda
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film?

änneren

De Film handelt iwwer d'Problemer an d'Liewensgeschichte vu fënnef Fraen am Alter iwwer 40 a spillt zu Lissabon. D'Protagonistinne si befrënnt. Eng vun hinnen ass d'Linda (Carmen Maura), dat fir seng Fernseesendung seng Frëndinnen no hiren dräi Wënsch ausfreet. D'Linda huet eng Affär mat dem jonke Regisseur Gigi (Joaquim de Almeida), déi hat selwer méi komplizéiert mécht wéi se muss sinn. D'Professesch Eva (Miou-Miou) ass Wittfra an zweiwelt, wéi hatt sech op eng leidenschaftlech Affär mat deem däitlech méi jonke Student Luis aléisst, deen zudeem de Jong vum Barbara (Marthe Keller) ass. D'Barbara ass hypochondresch an ënnerhält eng frëndlech-labber Bezéiung mat hirem Ex-Mann Edgar, obwuel hatt anescht fillt. D'Chloé beméit sech ëm en ausgeglachent Liewen tëscht senger Drogevergaangenheet a senger lesbescher Orientéierung, déi hat geheim hält. D'Schauspillerin Branca (Guesch Patti) genéisst hiert turbulent Liewe wärend se mat der konfliktueller Bezéiung mat hirer Duechter muss ëmgoen.

Filmproduktioun

änneren

D'Produktiounsgesellschaft Samsa Film krut 1997 fir de Film eng "Aide à la distribution" vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun zwou Millioune Lëtzebuerger Frang accordéiert.[1]

Den däitsche Titel vum Film ass Die Schwächen der Frauen, deen engleschen einfach Women.

Accueil

änneren

Elles war deen éischte lëtzebuergesche Film, dee fir eng Oscar-Nominatioun an der Kategorie "Beschte friemsproochege Film" proposéiert war, mee gouf net nominéiert.

De Film ass op enger Rei Filmfestivalle gelaf a krut och e puer Präisser. 1998 gouf en als beschte Film um "Uruguay International Film Festival" präisgekréint. D'Joer krut en um "Hamptons International Film Festival" de "Lifetime Vision Award". Donieft krut Elles och nach de Publikumspräis um "Caminhos do Cinema Portugues" (1998) am portugisesche Coimbra, um "Cinequest Film Festival" (1999) am kalifornesche San José, an um "Palm Springs International Film Festival" (1999).[2]

Um "Festival international du film francophone de Namur" war de Film 1997 fir e Gëllene Bayard als beschte franséischsproochege Film nominéiert, a beim portugisesche Filmpräis Globos de Ouro war Elles 1998 als beschte Film nominéiert.

An der Internet Movie Database huet de Film eng Moyenne vu 6,5 op 10 mat 305 Bewäertungen (Stand: 2022).

Wat sot d'Press?

änneren

A Frankräich krut de Film éischter negativ Kriticken,[3][4] an Däitschland gouf de Film ganz positiv opgeholl.

Jacques Mandelbaum, Le Monde, 13. August 1998:

Il s'agit d'un objet parfaitement identifiable sous les pires espèces de la télévision, à mi-chemin du kaléidoscope publicitaire et de la sitcome baclée.

Hans-Jörg Rother, Frankfurter Allgemeine Zeitung, 13. Mäerz 1998:

Die Geschichte vermeidet den Blick in die Tiefe, nicht Ingmar Bergman steht dem Regisseur als Vorbild vor Augen, sondern George Cukors Komödie 'Women' von 1939

filmdienst.de:[5]

Eine in den Hauptrollen äußerst prominent besetzte Tragikomödie, der der Balanceakt zwischen heiterer Leichtigkeit und traurigem Ernst aber nur stellenweise gelingt. Überzeugend sind die faszinierenden Leistungen der Darstellerinnen, die den Film trotz seiner inszenatorischen Schwächen durchaus tragen.

cinema.de:[6]

Die Stars impulsiv, klug und verletzlich strafen alle Haltbarkeitstheoretiker Lügen, die behaupten, jenseits der 30 seien Frauen im Kino Ausschußware. Fazit: Vergnügliche Frauen-Power

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1997, Mäerz 1998, Säit 148
  2. De Film op filmfund.lu
  3. Kritik op Télé-Loisirs
  4. Kritik op telerama.fr
  5. Kritik op filmdienst.de
  6. Kritik op cinema.de